Skip to content
Opens in a new window

[1] Kanner, follegt ären Eltere wéinst dem Här, well dat richteg ass.

[2] „Éier däi Papp an deng Mamm“, ass nämlech dat éischt Gebot mat engem Verspriechen:

[3] „fir datt et dir gutt geet a fir datt s du e laangt Liewen op der Äerd hues.“ (2. Moses 20,12; 5. Moses 5,16)

[4] Pappen, maacht är Kanner net rosen, mee zillt se an der Erzéiung an an der Léier vum Här.

[5] Sklaven, follegt mat Respekt, Zidderen an engem éierlechen Häerz äre Meeschteren hei op der Äerd, esou wéi dir Christus follegt.

[6] Follegt net, fir wëllen ze beandrocken, fir iech bäizeschmieren oder fir Mënschen ze gefalen, mee follegt ewéi Sklave vu Christus, déi de Wëlle vu Gott aus ganzem Häerz maachen.

[7] Déngt mat Äifer, wéi wann et fir den Här wier an net fir d’Mënschen.

[8] Dir sollt wëssen, datt jiddereen, dee Guddes mécht, vum Här belount gëtt, sief hien e Sklav oder e fräie Mënsch.

[9] Och dir Meeschteren, behandelt är Sklaven all d’selwecht. Haalt op, hinnen ze dreeën. Dir wësst jo, datt äre Meeschter am Himmel ass an hie jiddereen d’selwecht behandelt.

[10] An nach zum Schluss, meng léif Geschwëster, gitt duerch den Här a seng kräfteg Muecht gestäerkt.

[11] Ditt déi komplett Wafferüstung vu Gott un, fir datt dir dem Däiwel sengen Intrige widderstoe kënnt.

[12] Eise Kampf ass nämlech net géint Fleesch a Blutt, mee géint d’Gewalten, géint d’Muechten, géint déi onsichtbar Weltherrscher aus dësem däischteren Zäitalter a géint déi béis Geeschter am Himmel.

[13] Dofir sollt dir d’ganz Wafferüstung vu Gott undoen, fir datt dir um béisen Dag widderstoe kënnt an, nodeems dir alles gemaach hutt, fir standhaft bleiwen ze kënnen.

[14] Bleift standhaft, andeems dir d’Wourecht als Rimm ëm d’Taille an d’Gerechtegkeet als Broschtpanzer unditt,

[15] a stréckt är Schong, fir datt dir bereet sidd, d’gutt Noriicht vum Fridden ze verkënnegen.

[16] Virun allem gräift nom Schëld vum Glawen, mat deem dir d’feiereg Feiler vum Béisen ofwieren a läsche kënnt.

[17] Huelt den Helm vun der Rettung an d’Schwäert vum Geescht, dat d’Wuert vu Gott ass.

[18] Maacht dat alles, andeems dir ëmmer mat jidder Ufro a Gebiet duerch de Geescht biet. Sidd doranner wuechtsam mat absoluter Ausdauer a mat Gebieder fir all déi Helleg.

[19] Biet och fir mech, datt ech d’Wierder kréien, wann ech mäi Mond opmaachen, fir mat Verwotheet d’Geheimnis vun der gudder Noriicht ze verkënnegen.

[20] Fir dës gutt Noriicht sinn ech en Ambassadeur, deen a Ketten ass. Biet, datt ech se kéng verkënnegen, esou wéi ech et soll.

[21] De Brudder Tychikos, deen ech gär hunn, an deen en treien Dénger fir den Här ass, verzielt iech alles, fir datt dir wësst, wéi et mir geet a wat ech maachen.

[22] Ech hunn hien dowéinst bei iech geschéckt, fir datt dir wësse kënnt, wéi et eis geet, a fir datt hien är Häerzer encouragéiere kann.

[23] Fridde sief mat de Geschwëster zesumme mat Léift a Glawe vu Gott, dem Papp, an dem Här Jesus Christus.

[24] Gnod sief mat all deenen, déi eisen Här Jesus Christus mat enger onvergänglecher Léift gär hunn. Amen.

De Bréif un d’Epheser — Chapters