Skip to content
Opens in a new window

[1] Et ass och dowéinst, datt ech, de Paul, e Prisonéier fir Christus Jesus fir iech Net-Judde sinn –

[2] wann dir wierklech vun der Aufgab héieren hutt, déi ech krut, fir iech d’Gnod vu Gott ze verkënnegen.

[3] Wéi ech déi Aufgab opgedroe krut, gouf mir d’Geheimnis duerch eng Offenbarung bekanntgemaach, esou wéi ech et scho kuerz geschriwwen hunn.

[4] Wann dir dat hei liest, kënnt dir mäin Abléck an d’Geheimnis vu Christus verstoen.

[5] Dëst Geheimnis gouf de Mënschen a fréiere Generatiounen net bekanntgemaach, esou wéi et elo sengen hellegen Apostelen a Prophéiten duerch de Geescht gewise gouf.

[6] Dëst Geheimnis ass, datt d’Net-Judde Matierwe sinn, zum nämmlechte Läif gehéieren an duerch Christus wéinst der gudder Noriicht u sengem Verspriechen deelhuelen.

[7] Ech gouf en Dénger vun dëser gudder Noriicht duerch de Kaddo vum gnädege Gott, deen hie mir opgrond vu senger mächteger Kraaft ginn huet.

[8] Mir, deem mannste vun all den Hellegen, gouf dës Gnod ginn, fir den Net-Judden d’gutt Noriicht vum onbegräifleche Räichtum vu Christus ze verkënnegen

[9] a fir jidderengem kloerzestellen, wat de geheimnisvolle Plang ass, deen zënter Éiwegkeet vu Gott, deen alles duerch de Jesus Christus erschafen huet, verstoppt gouf.

[10] E gouf verstoppt, fir datt d’Gemeinschaft déi villsäiteg Wäisheet vu Gott bei den himmlesche Muechten an Autoritéiten elo bekanntmaache soll.

[11] Dat huet dem éiwege Plang entsprach, deen hien duerch Christus Jesus, eisem Här, ausgeféiert huet.

[12] An him hu mir Courage an en zouversiichtlechen Zougang zu Gott duerch de Glawen u Christus.

[13] Dofir bieden ech iech, de Kapp net hänken ze loosse wéinst de schwéieren Ëmstänn, déi ech wéinst ärer erdroen an déi fir är Verherrlechung sinn.

[14] Dat ass och de Grond, firwat ech mech virum Papp vun eisem Här Jesus Christus hiknéien,

[15] dee jidder Famill am Himmel an op der Äerd kennt.

[16] Ech bieden, datt hien iech et opgrond vu sengem herrleche Räichtum erlaabt, am ënnerleche Mënsch duerch de Geescht mat Kraaft gestäerkt ze sinn,

[17] datt Christus an ärem ënnerleche Wiesen duerch de Glawe wunnt,

[18] datt dir wéinst der Léift fest verwuerzelt an etabléiert gitt, fir datt dir zesumme mat all den Hellege verstoe kënnt, wat d’Breet, d’Längt, d’Déift an d’Héicht sinn,

[19] an datt dir d’Léift vu Christus, déi all Wëssen iwwertrëfft, verstoe kënnt, fir datt dir vu Gott vollstänneg erfëllt kënnt ginn.

[20] Deem, dee capabel ass, onendlech vill méi ze maachen, wéi alles, wat mir hie froen oder eis virstelle kënnen, opgrond vun der Kraaft, déi an eis schafft,

[21] deem sief Herrlechkeet duerch d’Gemeinschaft an duerch de Jesus Christus an alle Generatioune fir ëmmer an éiweg. Amen.

De Bréif un d’Epheser — Chapters