Skip to content
Opens in a new window

[1] Vum Paul a vum Timothée, Dénger vum Jesus Christus, un all déi Helleg am Jesus Christus, déi zu Philippi sinn, an och un déi Eelst an d’Diakonen:

[2] Gnod sief mat iech a Fridde vu Gott, eisem Papp, an dem Här Jesus Christus.

[3] Ech soe mengem Gott all Kéiers Merci, wann ech un iech denken.

[4] An all menge Gebieder fir iech alleguer, bieden ech ëmmer mat Freed,

[5] well dir vum éischten Dag u bis elo un der Verkënnegung vun der gudder Noriicht deelhuelt.

[6] Ech sinn och iwwerzeegt, datt deen, deen dat gutt Wierk an iech ugefaangen huet, et och bis op den Dag vum Jesus Christus op en Enn bréngt.

[7] Et ass nëmme richteg fir mech, esou iwwert iech all ze denken, well dir mir um Häerz läit; ob ech am Prisong sinn oder ob ech d’gutt Noriicht verdeedegen a bestätegen, deelt dir all zesumme mat mir d’Gnod vu Gott.

[8] Gott ass mäin Zeien, wéi ech no iech alleguer mat der Léift vum Jesus Christus verlaangeren.

[9] Ech bieden, datt är Léift ëmmer méi räich u Kenntnes an un all Asiicht gëtt,

[10] fir datt dir erkenne kënnt, op wat et ukënnt, esou datt dir reng an irreprochabel sidd um Dag vu Christus,

[11] erfëllt mat der Fruucht vun der Gerechtegkeet, déi duerch de Jesus Christus kënnt, fir d’Éier an de Luef vu Gott.

[12] Geschwëster, dir sollt wëssen, datt meng Situatioun d’Verbreedung vun der gudder Noriicht gefuerdert huet.

[13] Et ass dem ganze Praetorium an och all den anere kloer ginn, datt ech wéinst Christus a Gefaangenschaft sinn.

[14] Vill vun de Geschwëster hunn duerch meng Gefaangenschaft Vertrauen an den Här kritt an traue sech elo, ouni Angscht d’Wuert ze verkënnegen.

[15] Gewëss gëtt et der en etlech, déi Christus aus Jalousie a Sträit verkënnegen, anerer awer mat gudder Absicht.

[16] Déi eng verkënnege Christus aus Rivalitéit, net mat éierleche Motiver. Esou menge si mir Misär a menger Gefaangenschaft ze maachen.

[17] Déi aner maachen et awer aus Léift, well si wëssen, datt ech fir d’Verdeedegung vun der gudder Noriicht agesat gouf.

[18] Ma wat huet dat schonn ze soen? Wat zielt ass, datt Christus op all Manéier verkënnegt gëtt, sief et aus falschen oder éierleche Motiver. Doriwwer freeën ech mech a freeë mech och weiderhin.

[19] Ech weess nämlech, datt är Gebieder an d’Hëllef vum Geescht vum Jesus Christus zu menger Rettung féieren.

[20] Meng grouss Erwaardung an Hoffnung ass et, datt ech mech fir näischt schumme muss, mee datt ech wéi ëmmer esou och elo Christus ganz kéng a mengem Läif verherrlechen, ob ech liewen oder stierwen.

[21] Christus ass nämlech mäi Liewen an den Doud mäi Gewënn.

[22] Wann ech awer physesch weiderliewen, heescht dat fir mech fruchtbar Aarbecht. Ech weess net, wat ech wiele soll.

[23] Ech sëtzen tëschent zwee Still. Engersäits ass et mäi Wonsch, fir fortzegoen a bei Christus ze sinn, wat och vill besser wier,

[24] anerersäits ass et besser fir iech, datt ech weiderhin um Liewe bleiwen.

[25] Ech sinn heivunner iwwerzeegt: Ech weess, datt ech um Liewe bleiwen a bei iech bleiwen, fir ärem Progrès a fir der Freed vun ärem Glawen ze hëllefen.

[26] Wann ech dann nees bei iech zeréckkommen, hutt dir all Grond wéinst dem Jesus Christus op mech houfreg ze sinn.

[27] Verhaalt iech just op eng Manéier, déi der gudder Noriicht vu Christus wierdeg ass, fir datt ech – ob ech bei iech kommen an iech gesinn oder ob ech net do sinn – vun iech héieren, datt dir fest an engem Geescht stitt, datt dir eng Séil sidd, wann dir iech zesumme fir de Glawe vun der gudder Noriicht asetzt

[28] an datt dir och keng Angscht virun äre Géigner hutt. Fir si ass dat e kloert Zeechen, datt si zerstéiert ginn, fir iech ass et awer en Zeechen, datt dir vu Gott gerett gitt.

[29] Dir hutt nämlech de Privileeg krut, net nëmmen u Christus ze gleewen, mee och fir hien ze leiden.

[30] Dir erlieft deeselwechte Kampf, deen dir u mir gesinn hutt an elo héiert dir, datt ech nach ëmmer am Gaang sinn, en z’erliewen.

De Bréif un d’Philipper — Chapters