Skip to content
Opens in a new window

[1] Dir waart jo wéinst den Iwwertriedungen a Sënnen dout,

[2] an deenen dir fréier gelieft hutt. Dir hutt jo nom Laf vun dëser Welt gelieft, laut dem Herrscher vun de geeschtleche Muechten, déi an der Loft regéieren, dem Geescht, deen elo duerch d’rebellesch Kanner wierkt.

[3] Och mir hu fréier ënnert deene gelieft. Mir goungen de Begierlechkeete vun eisem Läif no an hunn de Wëlle vun eisem Läif a vun eise Gedanke gemaach. Mir ware vun Natur aus Kanner, déi zur Roserei bestëmmt waren, genee wéi déi aner.

[4] Mee Gott, dee räich u Baarmhäerzegkeet ass, a wéinst senger grousser Léift, mat där hien eis gär huet,

[5] huet eis zesumme mat Christus lieweg gemaach, och wa mir wéinst eisen Iwwertriedungen dout waren – duerch d’Gnod sidd dir gerett ginn.

[6] Gott huet eis zesumme mat Christus operstoe gelooss an eis zesumme mat him eng Plaz am Himmel duerch Christus Jesus ginn,

[7] fir an den zukünftegen Zäitaltere seng onbegrenzt räich Gnod a senger Guttheet fir eis duerch Christus Jesus ze weisen.

[8] Dir sidd nämlech duerch d’Gnod wéinst dem Glawe gerett ginn an dat net vun iech selwer aus, mee et ass e Kaddo vu Gott.

[9] Et ass net opgrond vu Wierker, fir datt kee sech bretze kann.

[10] Mir sinn nämlech säi Wierk. Mir sinn duerch Christus Jesus fir gutt Wierker erschafe ginn, déi Gott am Viraus virbereet huet, fir datt mir si ausliewe sollen.

[11] Erënnert iech also drun, datt dir gebierteg Net-Judde waart a vun deenen, déi eng physesch Beschneidung duerch Mënschenhand hunn, „Onbeschniddener“ genannt gouft;

[12] dir waart zu där Zäit vu Christus getrennt, vun der Natioun Israel ausgeschloss a Friemer, wat d’Allianze vum Verspriechen ugeet. An der Welt hat dir keng Hoffnung a waart ouni Gott.

[13] Mee elo sidd dir, déi dir fréier wäit ewech waart, duerch Christus Jesus nobäi bruecht ginn duerch d’Blutt vu Christus.

[14] Hien ass nämlech eise Fridden; hien huet aus deenen zwee eent gemaach an huet d’Trennungsmauer, déi eis fréier vunenee getrennt huet, ofgerappt.

[15] Duerch säi Läif huet hien d’Feindschaft zerstéiert, déi wéinst de Virschrëften an den Arrêtéë vum Gesetz bestanen huet, fir duerch sech selwer aus deenen zwee een neie Mënsch ze schafen an esou Fridden ze bréngen

[16] a fir déi zwee an engem Läif mat Gott duerch d’Kräiz ze versöhnen. Duerch d’Kräiz huet hien d’Feindschaft ëmbruecht.

[17] Wéi hie koum, huet hie Fridde verkënnegt fir iech, déi dir wäit ewech waart, a fir déi, déi nobäi waren,

[18] fir datt mir zwee wéinst senger duerch ee Geescht Zougang zum Papp hunn.

[19] Elo sidd dir also net méi Friemer an Auslänner, mee dir sidd Matbierger ënnert den Hellegen a Membere vu Gott sengem Stot.

[20] Dir gouft jo op dem Fëllement vun den Apostelen an de Prophéite gebaut an den Ecksteen ass Christus Jesus selwer.

[21] Duerch hie gëtt dat ganzt Gebai zesummegehalen an et wiisst, fir en hellegen Tempel am Här ze ginn.

[22] Duerch hie gitt och dir zu enger Wunnecht vu Gott gebaut, an där hien duerch de Geescht lieft.

De Bréif un d’Epheser — Chapters