[1] Imitéiert Gott, esou wéi Kanner, déi hie gär huet.
[2] Lieft an der Léift, esou wéi Christus eis gär hat a sech fir eis als Affer u Gott hierginn huet als Sacrifice mat engem agreabelen Doft.
[3] Onerlaabte Sex an och jidder Form vun Onmoraleschkeet a Rangstegkeet sollen emol net ënnert iech ernimmt ginn, esou wéi et sech fir Helleger gehéiert.
[4] Schänterlecht, topegt a knaschtegt Geschwätz gehéiert sech och net. Villméi gehéiert sech awer Dankbarkeet.
[5] Dat hei sollt dir nämlech wëssen: Déi, déi onerlaabte Sex hunn, déi Onreng an déi Rangsteg (déi Gëtzenubieder sinn) kréie keng Ierfschaft am Kinnekräich vu Christus a vu Gott.
[6] Et soll keen iech mat eidele Wierder irféieren. Et ass nämlech wéinst all deem, datt d’Roserei vu Gott iwwert déijéineg kënnt, déi net follegen.
[7] Ditt iech also net mat hinnen zesummen.
[8] Dir waart nämlech fréier an der Däischtert, mee elo sidd dir duerch den Här am Liicht. Lieft also ewéi Kanner vum Liicht
[9] (d’Fruucht vum Geescht besteet nämlech aus Guttheet, Gerechtegkeet a Wourecht),
[10] andeems dir préift, wat dem Här gefält.
[11] Huelt net un den onfruchtbaren Dote vun der Däischtert deel, mee bréngt si un d’Liicht.
[12] Et ass nämlech schänterlech, esouguer vun deem ze schwätzen, wat heemlech gedriwwe gëtt.
[13] Alles, wat awer duerch d’Liicht entbléisst gëtt, ass kloer z’erkennen, well d’Liicht alles kloer ze erkenne gëtt.
[14] Dofir gëtt gesot: „Gëff waakreg, du Schléifer, a stéi vun den Doudegen op! Christus gëtt dir Liicht.“
[15] Gitt also uecht, wéi dir lieft, net esou wéi Toperten, mee wéi Weiser,
[16] déi vu jidder Geleeënheet profitéieren, well dës Deeg béis sinn.
[17] Sidd also net topeg, mee verstitt, wat de Wëlle vum Här ass.
[18] Bedrénkt iech net mat Wäin, well dat zu liichtsënnegem Behuele féiert. Sidd villméi mam Geescht erfëllt.
[19] Schwätzt ee mat deem anere mat Psalmen, Hymnen a Lueflidder. Sangt a lueft den Här mat ärem Häerz.
[20] Sot Gott, dem Papp, am Numm vun eisem Här Jesus Christus fir alles Merci.
[21] Uerdent iech aus déiwem Respekt viru Christus een deem aneren ënner!
[22] Fraen, uerdent iech ären eegene Männer ënner wéi dem Här!
[23] De Mann ass nämlech de Kapp vun der Fra, esou wéi Christus de Kapp vun der Gemeinschaft an de Retter vum Läif ass.
[24] Esou wéi d’Gemeinschaft sech Christus ënneruerdent, esou sollen och d’Frae sech an allem hire Männer ënneruerdnen.
[25] Männer, hutt är Frae gär, esou wéi Christus d’Gemeinschaft gär hat a sech fir si hierginn huet,
[26] fir si helleg ze maachen, andeems hie si duerch d’Ënnerdauchen am Waasser an duerch d’Wuert reng gemaach huet.
[27] Hien huet dat gemaach, fir si als herrlech Gemeinschaft viru sech ze stellen: eng Gemeinschaft ouni Flecken, Falen oder soss eppes, mee helleg an ouni Feeler.
[28] Esou sollen och Männer hir Frae gär hunn ewéi hiren eegene Kierper. Wie seng Fra gär huet, huet sech selwer gär.
[29] Et gëtt jo keen, dee jee säin eegene Kierper gehaasst huet, mee hien ernäert a versuergt en, esou wéi den Här et mat der Gemeinschaft mécht,
[30] well mir Glidder vu sengem Läif, vu sengem Fleesch a senge Schanke sinn.
[31] „Dowéinst verléisst e Mann säi Papp a seng Mamm, fir sech u seng Fra ze bannen. Déi Zwee ginn ee Läif.“ (1. Moses 2,24)
[32] Dat ass e grousst Geheimnis, ech bezéien et awer op Christus an d’Gemeinschaft.
[33] Wat awer elo all eenzele vun iech ugeet: All Mann soll seng Fra gär hunn ewéi sech selwer an d’Fra soll hire Mann respektéieren.