[1] Ech, e Prisonéier fir den Här, ermunnen iech also dozou, op eng Manéier ze liewen, déi der Beruffung entsprécht, zu där dir beruff gouft.
[2] Lieft an totaler Bescheidenheet, Duussheet a Gedold, andeems dir een deen aneren an der Léift erdrot
[3] an äifreg d’Eenheet vum Geescht duerch de Bond vum Fridde behaalt.
[4] Et gëtt ee Läif an ee Geescht, geneesou wéi dir zu enger Hoffnung beruff gouft am Moment vun ärer Beruffung.
[5] Et gëtt een Här, ee Glawen, eng Daf
[6] an ee Gott a Papp vu jidderengem, deen iwwert jidderee regéiert, duerch jidderee wierkt an a jidderengem vun eis ass.
[7] All eenzele vun eis krut d’Gnod an deem Mooss, mat deem Christus eis se geschenkt huet.
[8] Dofir seet d’Schrëft: „Hie goung an d’Héicht erop, huet Prisonéier a Gefaangenschaft geholl an huet de Mënsche Kaddoe gemaach.“ (Psalmen 68,19)
[9] (Mee wat heescht d’Ausso „Hie goung erop“, ausser datt hie fir d’éischt an déi niddregst Deeler vun der Äerd erofgoung?
[10] Deen, deen erofgoung, ass och deen, dee méi héich wéi den allerhéchsten Himmel eropgoung, fir datt hien alles erfëllt.)
[11] Hien ass et, dee verschiddener als Apostelen agesat huet, anerer als Prophéiten, anerer als Evangelisten, anerer als Hierten a Léiermeeschteren,
[12] fir déi Helleg fir d’Aarbecht vum Déngscht auszebilden. Dat déngt dozou, de Läif vu Christus z’encouragéieren.
[13] Hien huet déi agesat, bis mir all d’Eenheet vum Glawen an d’Erkenntnes iwwert de Jong vu Gott erreechen a bis mir all e räife Mënsch ginn. D’Mooss vun dëser Maturitéit ass d’Perfektioun vu Christus.
[14] Esou si mir dann net méi ewéi Kanner, déi vun de Wellen hin- an hiergehäit ginn a vu jidder Wand vun Doktrinn matgerappt ginn. Kanner ginn duerch d’Täuschunge vun de louse Mënsche matgerappt, déi mat hire Pläng irféiere wëllen.
[15] Andeems mir mat Léift d’Wourecht soen, wuesse mir a jidder Hisiicht op Christus zou, deen de Kapp ass.
[16] De ganze Läif gëtt vun him zesummegesat an duerch all d’Gelenker, déi en ënnerstëtzen, zesummegehalen. All eenzelt Glidd schafft, fir säin Deel bäizedroen an esou bréngt en de Läif un d’Wuessen, fir datt de Läif sech selwer duerch d’Léift opbaut.
[17] Dofir soen ech iech dat hei a behaapte mech duerch den Här drop: Lieft net méi esou, wéi de Rescht vun den Net-Judde liewen, deenen hir Gedanken onnëtz sinn.
[18] Mat hirem Verstand tappe si am Däischteren a sinn dem gëttleche Liewe friem wéinst der Ignoranz, déi an hinnen ass, an hire verbrueten Häerzer.
[19] Si hunn all Gefill vu Schimmt verluer, well si sech engem verduerwene Liewen erginn hunn, fir mat Rangstegkeet all Zort vun Onmoraleschkeet auszeüben.
[20] Dir awer hutt Christus net op dës Manéier kennegeléiert!
[21] Gewëss hutt dir vun him héieren a gouft iwwert hien enseignéiert opgrond vun der Wourecht, déi am Jesus ass.
[22] Dir gouft geléiert, den ale Mënsch mat sengem fréiere Verhalen ofzeleeën, deen duerch nidderträchteg Begierlechkeete verduerwe gouf.
[23] Amplaz dovu gouft dir geléiert, äre Verstand duerch de Geescht erneieren ze loossen
[24] an den neie Mënsch unzedoen, dee geschafe gouf, fir an der Gerechtegkeet an an der Hellegkeet, déi op d’Wourecht baséiert, esou wéi Gott ze sinn.
[25] Leet dofir d’Léien of! Jidderee soll sengem Nächsten d’Wourecht soen, (Sacharia 8,16) well mir sinn all ee mam aneren ewéi Glidder vun engem Kierper verbonnen.
[26] Gitt rosen ouni ze sënnegen! (Psalmen 4,5) Loosst d’Sonn net iwwert ärer Roserei ënnergoen,
[27] fir datt den Däiwel kee Fouss an d’Dier kritt.
[28] Wie gestuel huet, däerf net méi klauen, villméi muss hien haart schaffen. Hie muss selwer schaffe goen an eng éierlech Aarbecht maachen. Esou huet hien eppes, fir mat engem ze deelen, deen eppes brauch.
[29] Et däerfe keng schiedlech Wierder aus ärem Mond kommen, mee nëmme gutt Wierder, déi deem hëllefen, deen et brauch, fir datt si den Nolauschterer Guddes doen.
[30] Maacht den hellege Geescht vu Gott net traureg, duerch deen dir fir den Dag vun der Erléisung versigelt gouft.
[31] Leet all Gehässegkeet, Ierger, Roserei, Gejäiz, Lästerungen an och all Form vu Béiswëllegkeet of.
[32] Sidd awer frëndlech a baarmhäerzeg mateneen, andeems dir een deem anere verzeit, grad ewéi Gott iech duerch Christus verzien huet.