Skip to content
Opens in a new window

[1] Lauschtert emol gutt no, dir Räicher! Jéimert a kräischt iwwert äre Misär, deen iwwert iech kënnt.

[2] Äre Räichtum verfault. Är Kleeder goufe vun de Matte gefriess.

[3] Äert Gold an äert Sëlwer si verrascht. De Rascht ass Zeie géint iech a frësst är Kierpere wéi Feier. Dir hutt Schätz fir déi lescht Deeg zesummegeraf!

[4] Kuckt! De Loun vun den Doléiner, déi är Felder geméint hunn, de Loun, deen dir hinne virenthalen hutt, jäizt zum Himmel. D’Gejäiz vun deenen, déi geméint hunn, ass dem Här vun den himmleschen Arméien zu Ouer komm.

[5] Dir hutt op der Äerd am Pleséier an am Luxus gelieft; dir hutt är Häerzer gemäscht, ewéi fir um Schluechtdag.

[6] Dir hutt de Gerechte veruerteelt an ermort. Hien huet sech net gewiert.

[7] Dofir sidd gedëlleg Bridder, bis datt den Här kënnt. Kuckt, och de Bauer waart op déi wäertvoll Fruucht aus dem Buedem a waart gedëlleg drop, bis datt si den Hierscht- an de Fréijoersree kritt.

[8] Sidd och dir gedëlleg, stäerkt är Häerzer, well dem Här säi Kommen ass nobäi!

[9] Geschwëster, beklot iech net iwwerteneen, fir datt dir net geriicht gitt! Kuckt, de Riichter steet scho virun der Dier!

[10] Meng Geschwëster, huelt iech am Leiden an an der Gedold e Beispill un de Prophéiten, déi am Numm vum Här geschwat hunn.

[11] Kuckt! Déi, déi ausgehalen hunn, hale mir fir geseent. Dir hutt vun der Ausdauer vum Hiob héieren an dir hutt d’Enn gesinn, dat den Här erbäigeféiert huet; den Här ass nämlech voll Matgefill a Baarmhäerzegkeet.

[12] Mee virun allem, meng Geschwëster, schwiert net, weder beim Himmel nach bei der Äerd nach mat soss engem Eed. Äre Jo soll e Jo sinn an ären Neen en Neen, fir datt dir net ënnert d’Geriicht faalt.

[13] Ass een ënnert iech am Leed? Da soll hie bieden. Ass ee gudder Déng? Da soll hie Lueflidder sangen.

[14] Ass een ënnert iech krank? Da soll hien déi Eelst vun der Gemeinschaft ruffen a si sollen iwwert hie bieden an hien am Numm vum Här mat Ueleg sallefen.

[15] D’Gebiet am Glawe rett dann de Kranken an den Här riicht hien op. Wann hie Sënne begaangen huet, da ginn déi him verzien.

[16] Bekennt een deem aneren är Iwwertriedungen a biet ee fir deen aneren, fir datt dir geheelt gitt. D’effikasst Gebiet vun engem Gerechte ka villes bewierken.

[17] Den Elia war e Mënsch mat der nämmlechter Natur wéi mir an hien huet mat Äifer gebiet, datt et net reene sollt, an et huet dräi Joer a sechs Méint laang net am d’Land gereent.

[18] Dunn huet hien nees gebiet an den Himmel huet et erëm reene gelooss an d’Äerd huet Fruucht gedroen.

[19] Geschwëster, wann ee vun iech vun der Wourecht ofkënnt an et bréngt een hie bei d’Wourecht zeréck,

[20] da soll hie wëssen: Wien e Sënner, deen op sengem falsche Wee war, bei d’Wourecht zeréckbréngt, dee rett dem Sënner seng Séil virum Doud an deckt eng Onmass Sënnen zou.

De Bréif vum Jacques — Chapters