[1] Vum Péitrus, engem Apostel vum Jesus Christus, un déi Auserwielt, déi als Friemer a Pontus, Galatien, Kappadokien, Klengasien a Bithynien an der Diaspora liewen.
[2] Dir gouft nom Virauswësse vu Gott, dem Papp, auserwielt an duerch de Geescht helleg gemaach, fir him ze follegen a fir vum Blutt vum Jesus Christus gesprënselt ze ginn. Gnod a Fridde sollt dir am Iwwerfloss kréien.
[3] Gelueft sief de Gott a Papp vun eisem Här Jesus Christus! Hien huet eis opgrond vu senger grousser Baarmhäerzegkeet eng nei Gebuert ginn, fir datt mir duerch d’Operstéiung vum Jesus Christus vun den Doudegen eng lieweg Hoffnung hunn,
[4] fir eng Ierfschaft ze kréien, déi onvergänglech an onbefleckt ass, déi net vergeet an déi am Himmel fir iech versuergt gëtt.
[5] Dir gitt vun der Muecht vu Gott duerch de Glawe behitt, fir eng Rettung ze kréien, déi prett ass, fir um Enn vun der Zäit opgedeckt ze ginn.
[6] Doriwwer freet dir iech, och wann dir elo fir eng kuerz Zäit, wann et si muss, wéinst verschidde Prouwen traureg sidd.
[7] Dat geschitt, fir datt d’Prouf vun ärem Glawen, déi méi wäertvoll ass wéi Gold, dat vergeet, och wann et am Feier gepréift gëtt, als Resultat Luef, Herrlechkeet an Éier huet, wann de Jesus Christus erkennbar gemaach gëtt.
[8] Ouni hie gesinn ze hunn, hutt dir hie gär. Och elo gesitt dir hien net, mee dir vertraut op hien a freet iech mat enger onbeschreiflecher an herrlecher Freed,
[9] well dir d’Zil vun ärem Glawe kritt: d’Rettung vun äre Séilen.
[10] D’Prophéiten, déi vun der Gnod, déi fir iech bestëmmt war, prophezeit hunn, hunn iwwert dës Rettung nogesicht an nogefuerscht.
[11] Si hu probéiert erauszefannen, op wat fir eng Zäit an op wéi eng Ëmstänn de Geescht vum Messias, deen an hinne war, hindeite géif, wéi hien d’Leiden, déi fir de Messias bestëmmt waren, an d’Herrlechkeeten, déi duerno komme géifen, virausgesot huet.
[12] Et gouf hinne gewisen, datt si net sech selwer, mee iech an all deem gedéngt hunn, wat iech elo verkënnegt gouf. Dat alles gouf iech vun deene verkënnegt, déi iech d’gutt Noriicht duerch den hellege Geescht, dee vum Himmel geschéckt gouf, gepriedegt hunn. D’Engele wënsche sech, fir doran en Abléck ze kréien.
[13] Dofir sollt dir, andeems dir äre Verstand op Aktioun virbereet an aniichter bleift, är ganz Hoffnung op d’Gnod setzen, déi iech bruecht gëtt, wann de Jesus Christus erkennbar gemaach gëtt.
[14] Wéi Kanner, déi follegen, sollt dir iech net de Begierlechkeeten upassen, déi iech fréier an ärem Onwësse beherrscht hunn.
[15] Am Géigendeel, dir sollt an ärem ganze Behuelen helleg sinn, esou wéi deen, deen iech beruff huet, och helleg ass.
[16] Et steet nämlech geschriwwen: „Sidd helleg, well ech helleg sinn.“ (3. Moses 19,2)
[17] Wann dir deen als Papp urufft, dee jiddereen no senge Wierker onparteiesch riicht, da lieft während ärem Openthalt op der Äerd a groussem Respekt.
[18] Sidd iech bewosst, datt dir net mat vergängleche Saachen, esou wéi Sëlwer oder Gold, vun ärem sënnlose Behuelen, dat dir vun äre Virfuere geierft hutt, erléist gi sidd,
[19] mee duerch dat wäertvollt Blutt vu Christus, dee wéi e Lamm ouni Feeler a Flecken ass.
[20] Hie war virausbestëmmt, éier d’Welt erschafe gouf, mee gouf wéinst ärer um Enn vun den Zäiten erkennbar gemaach.
[21] Duerch hie gleeft dir u Gott, deen hie vun den Doudegen operstoe gelooss a verherrlecht huet, fir datt äre Glawen an är Hoffnung a Gott wieren.
[22] Elo, wou dir är Séile gerengegt hutt, andeems dir duerch de Geescht der Wourecht gefollegt hutt, fir datt dir eng oprichteg Léift fir d’Geschwëster hutt, sollt dir onermiddlech een deen anere mat engem rengem Häerz gär hunn.
[23] Dir gouft nämlech nei gebuer, net aus vergänglechem, mee aus onvergänglechem Som, duerch dat liewegt an éiwegt Wuert vu Gott.
[24] Et steet nämlech geschriwwen: „All Läif ass ewéi d’Gras, all Herrlechkeet vum Mënsch ass ewéi eng Blumm am Gras. D’Gras verdréchent an d’Blumm fält erof,
[25] mee d’Wuert vum Här bleift fir ëmmer bestoen.“ (Yesaia 40,6-8) Et ass dëst Wuert, dat iech als gutt Noriicht verkënnegt gouf.