[1] Meng Geschwëster, et sollen der net vill vun iech Léiermeeschtere ginn, well dir wësst, datt mir méi streng geriicht ginn.
[2] Mir alleguer falen nämlech dacks. Wien net duerch seng eege Wierder un d’Fale kënnt, ass e vollkommene Mënsch a kann och säi ganze Kierper am Zam halen.
[3] Kuckt, mir doen de Päerd d’Gebëss an d’Maul un, fir datt si eis follegen, an esou féiere mir dat ganzt Déier.
[4] Kuckt och d’Schëffer: Obwuel si esou grouss sinn a vu staarkem Wand gedriwwe ginn, gi si vun engem ganz klenge Rudder gesteiert, wouhin de Steiermann wëllt.
[5] Geneesou ass d’Zong e klengt Glidd, dat ugëtt, Grousses ze leeschten. Kuckt, e klengt Feier kann och e risege Bësch a Brand setzen!
[6] Och d’Zong ass e Feier, eng Welt vun Ongerechtegkeet. D’Zong ass also dat ënnert eise Glidder, dat eist ganzt Wiese befleckt an de Laf vum Liewen a Brand stécht a selwer vun der Gehenna a Brand gestach gëtt.
[7] All méiglech Aart vu wëllen Déieren, Vigel, Reptillien a Mieresdéiere gëtt a gouf scho vum Mënsch gezähmt.
[8] Ma kee Mënsch kann d’Zong zähmen. Si ass en Iwwel, deen een net ënner Kontroll kritt. Si ass voll vun déidlechem Gëft.
[9] Mat hir luewe mir eise Gott a Papp a mat hir verfluche mir Mënschen, déi nom Bild vu Gott erschafe goufen.
[10] Aus dem nämmlechte Mond komme Segen a Flich eraus. Meng Geschwëster, esou däerf et net sinn.
[11] Spruddelt dann eng Quell aus deemselwechte Lach séisst a battert Waasser eraus?
[12] Meng Geschwëster, kann e Figebam Oliven ervirbréngen? Oder e Riefstack Figen? Esou kann och aus kenger Quell Salz- a Séisswaasser kommen.
[13] Wien ënnert iech ass weis an intelligent? Dee soll duerch säi gutt Behuele weisen, datt seng Doten mat weiser Duussheet gemaach ginn.
[14] Wann dir awer batter Jalousie a Rivalitéit an ärem Häerz hutt, da bretzt iech net, well esou verleegent dir d’Wourecht.
[15] Dës Wäisheet ass net déi, déi vun uewen erofkënnt, mee si ass ierdesch, sënnlech an dämonesch.
[16] Do, wou nämlech Jalousie a Rivalitéit bestinn, do gëtt et och Duercherneen a béis Doten vu jidder Zort.
[17] Mee d’Wäisheet, déi vun uewe kënnt, ass fir d’éischt emol reng, da friddlech, guttmiddeg, kulant, voll Erbaarmen a gudde Friichten, onparteiesch an net schäinhelleg.
[18] Déi, déi Fridde stëften, séien am Fridden an de Som vun der Gerechtegkeet gëtt geséit.