[1] Vu wou kommen déi Konflikter a Streidereien ënnert iech hier? Komme si net aus äre Leidenschaften, déi an äre Glidder kämpfen?
[2] Dir begiert a kritt awer näischt. Dir ermort a sidd jalous a kënnt nawell net kréien. Dir streit a kämpft, ma kritt awer näischt, well dir net frot.
[3] Dir frot a kritt awer net, well dir mat schlechten Absichte frot, fir et fir är Leidenschaften ze verbëtzen.
[4] Dir Männer a Fraen, déi dir friemgitt! Wësst dir net, datt Frëndschaft mat der Welt Feindschaft géintiwwer Gott ass? Wien also e Frënd vun der Welt wëllt sinn, dee mécht sech zum Feind vu Gott.
[5] Oder mengt dir, datt d’Schrëft ëmsoss seet, datt Gott mat Jalousie nom Geescht verlaangert, deen hien an eis wunne gelooss huet? (1. Moses 6,5)
[6] D’Gnod, déi hie gëtt, ass méi grouss. Dofir gëtt gesot: „Gott widdersteet den Houfregen, mee den Damiddege gëtt hie Gnod.“ (Spréch 3,34)
[7] Dofir, ënnerwerft iech Gott! Widderstitt dem Däiwel an hie leeft virun iech fort.
[8] Kommt méi no bei Gott, da kënnt hie méi no bei iech. Wäscht är Hänn, dir Sënner, a rengegt är Häerzer, dir Wankelmiddeg!
[9] Jéimert, trauert a kräischt! Äert Laache soll sech an Trauer verwandelen an är Freed an Trouschtmiddegkeet.
[10] Erniddregt iech virum Här, dann erhieft hien iech.
[11] Geschwëster, schwätzt net schlecht een iwwert deen aneren! Wie schlecht iwwert e Brudder schwätzt a säi Brudder veruerteelt, dee schwätzt schlecht iwwert d’Gesetz a veruerteelt d’Gesetz. Mee wann s du d’Gesetz veruerteels, da bass du net een, deen d’Gesetz anhält, mee e Riichter vum Gesetz.
[12] Et gëtt nëmmen een, deen d’Gesetz ginn huet: deen, dee retten a zerstéiere kann. Mee wie bass du, datt s du en anere veruerteels?
[13] Lauschtert emol gutt no, dir, déi dir sot: „Haut oder muer gi mir an dës oder déi Stad, bleiwen e Joer do, maache Geschäfter a Gewënn.“
[14] Dir wësst dach net emol, wat muer geschitt! Wat ass dann äert Liewen? Et ass just ewéi Donst, dee fir eng kuerz Zäit ze gesinn ass, mee sech dann opléisst.
[15] Dir sollt léiwer soen: „Wann den Här wëllt, da wäerte mir liewen an dëst oder dat maachen.“
[16] Mee elo bretzt dir iech an ärer Arroganz. All Gebretz vun där Zort ass béis.
[17] Wien also weess, Guddes ze maachen, mee et net mécht, dee sënnegt.