[1] Meng Bridder, haalt de Glawen un eisen herrlechen Här Jesus Christus fräi vu Favoritismus.
[2] Stellt iech vir, et kéim e Mann mat gëllene Réng an elegante Kleeder an är Synagog an et kéim och en aarme Mann mat knaschtege Kleeder eran
[3] an dir géift just mat Respekt op dee mat den elegante Kleeder kucken an zu him soen: „Setzt Iech hei op déi gutt Plaz“, an zum aarme Mann soen: „Stell dech dohinner“, oder: „Setz dech nieft meng Foussbänk“.
[4] Wier dann net Diskriminatioun an ärer Mëtt an dir wiert esou zu Riichter mat falsche Motive ginn?
[5] Lauschtert no, meng léif Geschwëster: Huet Gott net déi Aarm an dëser Welt auserwielt, fir räich am Glawen an Ierwe vum Kinnekräich ze sinn, dat hien deene versprach huet, déi hie gär hunn?
[6] Ma dir hutt den Aarme veruecht. Sinn et net déi Räich, déi iech ënnerdrécken an iech viru Geriicht schleefen?
[7] Sinn si et net, déi iwwert de gudden Numm lästeren, deen och dir drot?
[8] Wann dir wierklech dat kinneklecht Gesetz: „Hief däin Nächste gär wéi dech selwer“, (3. Moses 19,18) laut der Schrëft anhaalt, dann handelt dir richteg.
[9] Wann dir awer Favoritismus tëschent de Mënsche weist, da sënnegt dir a gitt als Iwwertrieder vum Gesetz schëlleg gesprach.
[10] Wien nämlech d’ganz Gesetz anhält, mee géint ee Gebot verstéisst, deen huet sech um ganze Gesetz schëlleg gemaach.
[11] Deen, dee sot: „Briech d’Bestietnes net, andeems du friemgees“, (2. Moses 20,14; 5. Moses 5,18) sot jo och: „Ermort keen.“ (2. Moses 20,13; 5. Moses 5,17) Wann s du zwar net am Bestietnes friemgees, mee een ermorts, da gëss du zum Gesetzesiwwertrieder.
[12] Schwätzt an handelt esou wéi Leit, déi vum Gesetz vun der Fräiheet, geriicht solle ginn.
[13] D’Geriicht huet nämlech keen Erbaarme mat deem, dee keen Erbaarme gewisen huet. D’Erbaarmen triumphéiert iwwert d’Geriicht.
[14] Meng Geschwëster, wat fir e Wäert huet et, wann ee seet, en hätt Glawen, mee e mécht keng Doten? Kann éieren esou ee Glawen hie retten?
[15] Wann e Brudder oder eng Schwëster net dat Néidegt u Gezei huet an ouni dat deeglecht Iessen ass
[16] an ee vun iech seet zu him: „Géi am Fridden, wierm dech an iess dech sat“, mee dir gitt him net dat Néidegst, wat hie fir ze liewe brauch, wat notzt dat him?
[17] Esou ass och de Glawen ouni Doten a sech selwer dout.
[18] Elo kéint ee soen: „Du hues Glawen, mee ech hunn Doten Opweises.“ Weis du mir däi Glawen ouni deng Doten an da weisen ech dir mäi Glawen duerch meng Doten.
[19] Du gleefs, datt et een eenzege Gott gëtt. Gutt esou! Och d’Dämone gleewen et an zidderen!
[20] Du Topert! Wëlls du agesinn, datt Glawen ouni Doten dout ass?
[21] Gouf net eise Papp Abraham duerch Dote gerechtgesprach, wéi hie säi Jong, den Isaak, um Altor geaffert huet?
[22] Gesäis du, datt de Glawen zesumme mat sengen Dote gewierkt huet an datt duerch d’Doten de Glawe vollkomme gemaach gouf?
[23] Esou huet sech d’Schrëft erfëllt, déi seet: „Den Abraham huet Gott gegleeft an dat gouf him als Gerechtegkeet ugerechent.“ (1. Moses 15,6) Hie gouf „Frënd vu Gott“ genannt.
[24] Dir gesitt also, datt e Mënsch duerch hir Dote gerechtgesprach gëtt an net just duerch de Glawen.
[25] War et net datselwecht mat der Houer Rachab? Gouf si net duerch seng Dote gerechtgesprach, wéi si d’Buete gaaschtfrëndlech opgeholl huet a si op engem anere Wee fortgeschéckt huet?
[26] Esou wéi e Kierper ouni Geescht dout ass, esou ass och de Glawen ouni Doten dout.