Skip to content
Opens in a new window

[1] Déi, déi d’Jach vun der Sklaverei droen, mussen hir Meeschtere fir wierdeg halen, fir ganz an Éiere gehalen ze ginn, fir datt den Numm vu Gott an d’Léier net a Verruff kommen.

[2] Déi, déi gleeweg Meeschteren hunn, sollen net op si erofkucken, well si Bridder sinn. Am Géigendeel, si sollen hinnen ëmsou méi déngen, well déi, déi dovunner profitéieren, gleeweg a beléift sinn. Léier d’Leit dat alles an encouragéier si, alles anzehalen.

[3] Wann een eppes aneres léiert an net mat de gesonde Wierder vun eisem Här Jesus Christus an der Léier, déi der Frëmmegkeet entsprécht, averstanen ass,

[4] dann ass hien agebilt. Hie versteet näischt, mee huet e krankhafte Wonsch, fir ze diedegen an iwwert Wierder ze streiden. Dorauser entsti Jalousie, Sträit, Lästerungen, béis Verdächtegungen

[5] a stänneg Oneenegkeeten tëschent Leit, deenen hiert Denke verduerwen ass an deenen d’Wourecht virenthale gëtt. Si mengen d’Frëmmegkeet wier just do, fir Gewënn ze maachen. Zéi dech vun esou Leit zeréck!

[6] Allerdéngs bréngt d’Frëmmegkeet e grousse Gewënn fir deen, dee mat deem zefridden ass, wat hien huet.

[7] Mir hu jo näischt mat an d’Welt bruecht an et läit op der Hand, datt mir näischt kënne mat eraushuelen.

[8] Wa mir Iessen a Gezei hunn, solle mir domadden zefridde sinn.

[9] Déijéineg, déi räich wëlle ginn, falen a Versuchung, an eng Fal, an a vill topeg a schiedlech Passiounen, déi d’Mënschen an de Ruin an an den Ënnergang stierzen.

[10] D’Léift fir d’Suen ass nämlech eng Wuerzel vun allem Béisen. Munch Leit, déi d’Sue begiert hunn, si vum Glawen ofkomm an hu sech selwer vill Péng ugedoen.

[11] Mee du, e Mann vu Gott, laf vun all deem fort! Jo der Gerechtegkeet, der Frëmmegkeet, der Trei, der Léift, der Ausdauer an der Duussheet no!

[12] Kämpf de gudde Kampf vum Glawen! Ergräif d’éiwegt Liewen, zu deem s du beruff gi bass. Du has dech jo mat engem gudde Bekenntnes viru villen Zeien dozou bekannt.

[13] Viru Gott, deen allem Liewe gëtt, a viru Christus Jesus, dee virum Pontius Pilatus mat engem gudde Bekenntnes bezeit huet, fuerderen ech dech op,

[14] dëst Gebot onbefleckt an tadellos anzehalen, bis eisen Här Jesus Christus erschéngt.

[15] Gott, de geseenten an eenzegen Herrscher, de Kinnek vun de Kinneken an den Här vun den Hären, léisst de Jesus Christus zum richtege Moment erschéngen.

[16] Hien ass deen, deen eleng Onstierflechkeet besëtzt, deen an onzougänglechem Liicht lieft an deen nach kee Mënsch gesinn huet oder gesi kann. Him sief Éier an éiweg Muecht! Amen.

[17] Befeel de Räichen an dëser Welt, net iwwerhieflech ze sinn an hir Hoffnung net op den onséchere Räichtum ze setzen, mee op de liewege Gott, deen eis alles räichlech gëtt, fir ze genéissen.

[18] Befeel hinnen, Guddes ze maachen, räich u gudden Doten ze sinn, generéis ze sinn a mat aneren ze deelen.

[19] Esou sammele si sech eng gutt Grondlag fir d’Zukunft un, fir datt si d’éiwegt Liewe kënnen ergräifen.

[20] Timothée, hal dat an, wat dir uvertraut gouf, andeems du dech vu gottlosem an topegem Geschwätz a vun de Widderspréch vun der sougenannter „Erkenntnes“ ewechhäls.

[21] Munch Leit hu sech zu dëser „Erkenntnes“ bekannt a si vum Glawen ofgefall. Gnod sief mat dir. Amen.

Den éischte Bréif un den Timothée — Chapters