[1] Weis en eelere Mann net zurecht, mee schwätz mat him, wéi wann hien däi Papp wier. Schwätz mat de jonke Männer, wéi wa si deng Bridder wieren.
[2] Schwätz mat den eelere Fraen, wéi wa si deng Mamm wieren, a mat de jonke Fraen, wéi wa si deng Schwëstere wieren. Maach dat mat allem Anstand.
[3] Ënnerstëtz déi Witfraen, déi wierklech an Nout sinn.
[4] Mee wann eng Witfra Kanner oder Enkelkanner huet, da sollen déi fir d’éischt léieren, hir Flicht géigeniwwer hirer Famill z’erfëllen, andeems si hiren Elteren dat zeréckginn, wat si vun hinne kritt hunn, well dat Gott esou gefält.
[5] Déi Witfra, déi wierklech Hëllef brauch an déi kee méi huet, setzt hir Hoffnung a Gott a bleift Dag an Nuecht viru Gott, fir hien am Gebiet ëm Hëllef ze froen.
[6] Mee déi Witfra, déi fir de Pleséier lieft, ass schonns dout, och wa si nach lieft.
[7] Befeel hinnen dat alles, fir datt un hinnen näischt auszesetzen ass.
[8] Wann awer een net fir seng eege Famill suergt a besonnesch net fir d’Leit aus sengem Stot, da leegent deen de Glawen an ass méi schlëmm wéi en Ongleewegen.
[9] Eng Witfra soll nëmmen op d’Lëscht ageschriwwe ginn, wa si iwwert siechzeg Joer ass an d’Fra vun engem eenzege Mann war.
[10] Si soll och wéinst hire gudde Wierker e gudde Ruff hunn: wa si Kanner groussgezillt huet, wa si Frieme Gaaschtfrëndlechkeet erwisen huet, wa si den Hellegen d’Féiss gewäsch huet, wa si de Bedréckte gehollef huet, wa si sech fir all gutt Dot hierginn huet.
[11] Déi jonk Witfrae sollen awer net ageschriwwe ginn, well wann hir physesch Leidenschaft si vu Christus entfriemt, wëlle si sech bestueden.
[12] Esou maache si sech schëlleg, well si hiert éischt Versprieche briechen.
[13] Si léieren och liddereg ze sinn, andeems si vun Haus zu Haus zéien. Si léieren net nëmme liddereg ze sinn, mee och ze traatschen, hir Nues an alles ze stiechen a vun all deem ze schwätzen, wat si näischt ugeet.
[14] Dofir wëll ech, datt déi jonk Witfrae sech nees bestueden, Kanner kréien, hire Stot gutt féieren an esou dem Feind keng Geleeënheet ginn, eis eppes virzewerfen.
[15] Et hunn der schonn e puer dem Glawen de Réck gedréit, fir dem Satan nozegoen.
[16] Wann e gleewege Mann oder eng gleeweg Fra Witfraen an der Famill huet, da solle si fir si suergen. Si sollen der Gemeinschaft keng Laascht sinn, fir datt d’Gemeinschaft fir déi Witfraen, déi wierklech Hëllef brauchen, suerge kann.
[17] Déi Eelst, déi gutt leeden, si wierdeg geéiert ze ginn an en Honoraire ze kréien, zemools déi, deenen hir Aarbecht et ass, ze priedegen an ze léieren.
[18] D’Schrëft seet jo: „Du solls dem Uess beim Dresche kee Maulkuerf undoen“, (5. Moses 25,4) an: „Den Aarbechter ass säi Loun wäert.“ (Mattias 10,10; Luc 10,7)
[19] Huel keng Uklo géint en Eelsten un, et sief dann, et ginn zwee oder dräi Zeien.
[20] Weis déi, déi sënnegen, viru jidderengem zurecht als Warnung fir déi aner.
[21] Ech beschwieren dech viru Gott, dem Här Jesus Christus an den auserwielten Engelen, dës Fuerderungen ouni Viruerteeler anzehalen. Maach näischt aus Favoritismus.
[22] Sief net vireileg, fir engem d’Hänn opzeleeën. Hief keen Undeel un den aneren hire Sënnen. Hal dech selwer reng.
[23] Drénk net nëmme Waasser, mee och e bëssche Wäin fir däi Mo an deng heefeg Kränkten.
[24] D’Sënne vu munche Leit sinn evident an déi ginn hinnen an d’Geriicht viraus. Bei anere komme se eréischt méi spéit no.
[25] Geneesou sinn och déi gutt Doten evident an esouguer wa si et net sinn, kënne se net verstoppt bleiwen.