Skip to content
Opens in a new window

[1] Vum Paul, engem Apostel vum Jesus Christus duerch de Wëlle vu Gott a laut dem Verspriechen op Liewen duerch Christus Jesus,

[2] un den Timothée, mäi Jong, deen ech gär hunn: Gnod, Baarmhäerzegkeet a Fridde vu Gott, dem Papp, a Christus Jesus, eisem Här.

[3] Ech soe Gott Merci, deem ech mat engem renge Gewëssen déngen, geneesou wéi meng Virfueren dat gemaach hunn. Ech soen him Merci, wann ech Dag an Nuecht bestänneg a menge Gebieder un dech denken.

[4] Ech erënnere mech un deng Tréinen a verlaangeren dono, dech nees ze gesinn, fir datt ech mat Freed erfëllt ka ginn.

[5] Ech erënnere mech un däin oprichtege Glawen, dee fir d’éischt an denger Groussmamm Loïs an dunn an denger Mamm Eunike gelieft huet, an ech si mer sécher, datt en och elo an dir lieft.

[6] Dofir erënneren ech dech drun, d’Gof vu Gott – déi an dir ass, well ech meng Hänn op dech geluecht hat – nees opliewen ze loossen,

[7] well Gott huet eis net e Geescht vun der Feigheet ginn, mee ee vu Kraaft, Léift a gesondem Verstand.

[8] Schumm dech also net, fir iwwert eisen Här auszesoen, a schumm dech och net wéinst menger, sengem Prisonéier. Mee leit du zesumme mat mir fir d’gutt Noriicht laut der Kraaft vu Gott.

[9] Gott huet eis gerett an eis mat engem hellege Ruff beruff an dat net opgrond vun eise Wierker, mee opgrond vu sengem eegene Plang a senger Gnod, déi hien eis duerch Christus Jesus geschenkt hat, éier d’Zäitalteren ugefaangen hunn.

[10] Seng Gnod ass elo duerch d’Erschénge vun eisem Retter, Jesus Christus, offenbar ginn, deen den Doud zerstéiert huet an deen duerch d’gutt Noriicht d’Liewen an d’Onstierflechkeet un d’Liicht bruecht huet.

[11] Fir dës gutt Noriicht sinn ech als Priedeger, Apostel a Léiermeeschter fir d’Net-Judden agesat ginn.

[12] Dowéinst leiden ech, mee ech schumme mech net, well ech weess, op wien ech vertraut hunn. Ech sinn iwwerzeegt, datt hien d’Muecht huet, fir op dat, wat hie mir uvertraut huet, bis op deen Dag opzepassen.

[13] Hal um Virbild vun der gesonder Léier fest, déi s du vu mir héieren hues, a maach dat am Glawen an an der Léift, déi a Christus Jesus sinn.

[14] Bewaach déi gutt Léier, déi dir uvertraut gouf duerch den hellege Geescht, deen an eis lieft.

[15] Du weess jo, datt jiddereen aus der Provënz Klengasien mech verlooss huet, och de Phygelus an den Hermogenes.

[16] Den Här hief Erbaarme mam Stot vum Onesiphoros, well hie mech dacks opgemontert huet a sech net wéinst menger Haft geschummt huet.

[17] Am Géigendeel, wéi hien zu Roum ukoum, huet hien iwwerall no mir gesicht an huet mech fonnt.

[18] (Den Här soll sech senger erbaarmen op deem Dag.) Du weess jo selwer am beschten, wéi vill hie mir zu Ephesos gedéngt huet.

Den zweete Bréif un den Timothée — Chapters