Skip to content
Opens in a new window

[1] Vum Paul, engem Apostel vum Jesus Christus nom Gebot vu Gott, deen eise Retter ass, an dem Här Jesus Christus, deen eis Hoffnung ass,

[2] un den Timothée, mengem treie Kand am Glawen: Gnod, Baarmhäerzegkeet a Fridde vu Gott, eisem Papp, an dem Jesus Christus, eisem Här.

[3] Wéi ech a Mazedonien goung, hat ech dech jo opgefuerdert zu Ephesos ze bleiwen, fir gewësse Leit ze verbidden, eng aner Léier z’enseignéieren.

[4] Si solle sech net mat Seeërcher an onendleche Stammbeem befaassen, well déi zu Kontroverse féieren an dem Plang vu Gott net déngen, deen duerch de Glawen ausgeféiert gëtt.

[5] D’Zil vun der Uweisung ass Léift, déi aus engem rengen Häerz, engem gudde Gewëssen an engem oprichtege Glawe staamt.

[6] Verschidde Leit hunn dëse Léieren de Réck gedréit an hu sech onnëtzem Geschwätz zougewant.

[7] Si wëlle Léiermeeschtere vum Gesetz sinn, och wa si keng Ahnung hunn vun deem, wat si soen, oder vun deem, op wat si sech behaapten.

[8] Mir wëssen awer, datt d’Gesetz gutt ass, wann een et richteg gebraucht.

[9] Mir verstinn dat hei dorënner: D’Gesetz gouf net fir déi Gerecht festgeluecht, mee fir déi Ongerecht an d’Rebellen, fir déi Gottlos an d’Sënner, fir déi, déi net fromm an net reliéis sinn, fir déi, déi hir Pappen a Mammen ëmbréngen, fir d’Mäerder,

[10] fir déi, déi onerlaabte Sex hunn, fir déi Homosexuell, fir d’Sklavenhändler, fir d’Ligener, fir déi, déi e falschen Eed leeschten, a fir soss jiddereen, dee géint déi gesond Léier handelt,

[11] laut der herrlecher gudder Noriicht vum geseente Gott, déi ech uvertraut krut.

[12] Ech soen deem, dee mir d’Kraaft ginn huet, Merci, Christus Jesus, eisem Här, dee mech fir trei gehalen huet a mech an den Déngscht gestallt huet,

[13] obwuel ech virdru gelästert a verfollegt hunn an arrogant war. Mee ech krut Baarmhäerzegkeet erwisen, well ech an der Onwëssenheet an am Onglawe gehandelt hunn.

[14] D’Gnod vun eisem Här war iwwerméisseg grouss zesumme mam Glawen a mat der Léift, déi duerch Christus Jesus kommen.

[15] Op dës Ausso ass Verlooss a si verdéngt et, ganz ugeholl ze ginn: „Christus Jesus koum an d’Welt, fir Sënner ze retten“, vun deenen ech dee gréisste sinn.

[16] Aus dësem Grond krut ech Baarmhäerzegkeet erwisen, fir datt de Jesus Christus u mir, dem gréisste Sënner, seng immens Gedold ënner Beweis kéint stellen, zum Virbild fir déi, déi an Zukunft un hie gleewen, fir éiwegt Liewen ze kréien.

[17] Dem Kinnek, deen éiweg, onstierflech an onsichtbar ass, dem eenzege weise Gott, sief Éier an Herrlechkeet fir ëmmer an éiweg. Amen!

[18] Timothée, mäi Jong, ech vertrauen dir dëst Gebot un opgrond vun de Prophezeiungen, déi iwwert dech gemaach goufen, fir datt s du duerch dës Prophezeiungen de gudde Kampf kämpfs,

[19] andeems du de Glawen an e gutt Gewësse behäls. Verschidde Leit hunn déi verworf an dofir ass hire Glawen zu Grond gaangen.

[20] Dorënner sinn och den Hymenaeos an den Alexander, déi ech un de Satan ausgeliwwert hunn, fir datt si léieren, net méi ze lästeren.

Den éischte Bréif un den Timothée — Chapters