[1] De Geescht seet eis ausdrécklech, datt verschidde Leit an den zukünftegen Zäite vum Glawen offalen. Si lauschteren op verluge Geeschter a Léiere vun Dämone
[2] wéinst der Schäinhellegkeet vu Ligener, deenen hiert Gewësse vun engem Brandmol gezeechent ass.
[3] Si verbidden d’Bestietnes a fuerderen, datt een op d’Iesse verzichte soll, Iessen, dat Gott erschafen huet an dat vun den Treien, déi d’Wourecht kennen, mat Dankbarkeet entgéintgeholl soll ginn.
[4] Alles, wat Gott erschafen huet, ass gutt an näischt ass verwerflech, wann et mat Dankbarkeet entgéintgeholl gëtt,
[5] well d’Wuert vu Gott an d’Gebiet et helleg maachen.
[6] Wann s du d’Geschwëster op all dat opmierksam méchs, da bass du e gudden Dénger vum Jesus Christus, en Dénger, deen an de Wierder vum Glawen an an der gudder Léier, däers du nogees, ausgebilt ginn ass.
[7] Hief näischt mat profane Seeërcher an Alfraegeschichten ze dinn. Schaff un dir, fir e frommt Liewen ze féieren.
[8] Den Training vum Kierper ass nëmme fir eng kuerz Zäit nëtzlech, mee e frommt Liewen ass fir ëmmer nëtzlech, well et enthält d’Versprieche vum Liewe fir d’Géigewaart an och fir d’Zukunft.
[9] Op dës Ausso ass verlooss a si verdéngt et, ganz ugeholl ze ginn
[10] (an dofir schaffe mir och schwéier a kréien nach Virwërf gemaach): Mir hoffen op de liewege Gott, deen de Retter vun alle Mënschen ass, besonnesch vun deenen, déi gleewen.
[11] Befeel a léier dat alles.
[12] Et soll kee wéinst denger Jugend op dech erofkucken. Am Géigendeel, sief de Gleewegen e Virbild an dengem Schwätzen, an dengem Behuelen, an denger Léift, an dengem Geescht, an dengem Glawen an an dengem Anstand.
[13] Konzentréier dech drop, de Leit ëffentlech virzeliesen, si z’encouragéieren an ze léieren, bis ech do sinn.
[14] Vernoléisseg net deng Gof, déi s du duerch eng Prophezeiung krus, wéi de Rot vun den Eelsten hir Hänn op dech geluecht hunn.
[15] Konzentréier dech op all dat, lief duerno, fir datt jiddereen däi Fortschrëtt kloer ka gesinn.
[16] Gëff op dech selwer an op d’Léier uecht. Hal dech drun, well s du dech selwer an deng Nolauschterer retts, andeems du dat méchs.