Skip to content
Opens in a new window

[1] Hei ass eng Ausso, op déi Verlooss ass: „Wann een den Déngscht vun engem Eelsten ustrieft, da wënscht hie sech eng gutt Aufgab.“

[2] Dofir muss den Eelsten ee sinn, un deem näischt auszesetzen ass, deen de Mann vun enger eenzeger Fra ass, dee sober ass, Selbstbeherrschung huet, moderéiert lieft, gaaschtfrëndlech ass, deen enseignéiere kann,

[3] dee keen Drénker a kee Kläpper ass, deen net op onéierleche Verdéngscht aus ass, dee guttmiddeg an net streidereg ass an d’Suen net gär huet.

[4] Hie muss säin eegene Stot gutt féieren a Kanner hunn, déi him ganz respektvoll follegen.

[5] Wann e Mann säin eegene Stot net ka féieren, wéi soll hien da fir d’Gemeinschaft vu Gott suergen?

[6] Hien däerf keen Neibekéierte sinn, fir datt hien net iwwerhieflech gëtt an esou ënnert datselwecht Geriicht ewéi den Däiwel fält.

[7] Zudeem muss hien e gudde Ruff bei deenen hunn, déi baussent der Gemeinschaft sinn, fir datt hien net a Verruff kënnt an an dem Däiwel seng Fal fält.

[8] Geneesou mussen d’Diakonen éierbar sinn. Si däerfe keng Heuchler sinn, dem Wäin net verfall sinn an net op onéierleche Verdéngscht aus sinn.

[9] Si musse mat engem renge Gewëssen um Geheimnis vum Glawe festhalen.

[10] Och musse si fir d’éischt gepréift ginn an dann eréischt, wann hinnen näischt virzewerfen ass, däerfe si déngen.

[11] Geneesou mussen och d’Fraen éierbar sinn. Si däerfen net schlecht iwwert d’Leit schwätzen, si musse sober an och an allem zouverlässeg sinn.

[12] D’Diakone mussen de Mann vun enger eenzeger Fra sinn an hir Kanner an hiren eegene Stot gutt féieren.

[13] Déi, déi gutt als Diakone gedéngt hunn, kréien en héije Rang an eng grouss Zouversiicht am Glawen u Christus Jesus.

[14] Ech schreiwen dir dat alles an der Hoffnung, datt ech geschwë bei dech komme kann.

[15] Wann ech awer sollt Verspéidung hunn, da weess du, wéi ee sech am Stot vu Gott verhale soll, deen d’Gemeinschaft vum liewege Gott ass, d’Sail an d’Stäip vun der Wourecht.

[16] Ouni Zweiwel ass d’Geheimnis vun der Frëmmegkeet grouss: Am Läif huet Gott sech ze erkenne ginn, Duerch de Geescht gouf hien als gerecht bewisen, Vun Engele gouf hie gesinn, Ënnert den Net-Judde gouf hie verkënnegt, Uechter d’Welt gouf un hie gegleeft, An d’Herrlechkeet gouf hien eropgeholl.

Den éischte Bréif un den Timothée — Chapters