[1] Zu gudder Lescht, Geschwëster, biet fir eis, datt dem Här seng Botschaft sech séier verbreet a geéiert gëtt, geneesou wéi et bei iech geschitt ass;
[2] datt mir viru falschen a béise Mënsche gerett ginn, well net alleguer hu se Glawen.
[3] Mee den Här ass trei an hie stäerkt iech a schützt iech virum Béisen.
[4] Duerch den Här hu mir Zouversiicht wéinst ärer, datt dir dat, wat mir iech befuel hunn, elo an och an Zukunft maacht.
[5] Den Här soll är Häerzer dozou leeden, Gott gär ze hunn a standhaft a Christus ze sinn.
[6] Geschwëster, am Numm vun eisem Här Jesus Christus befeele mir iech, fir iech vun all Geschwëster ewechzehalen, déi wéi Lidderhanesse liewen an net no de Bräich, déi si vun eis kritt hunn.
[7] Dir wësst jo selwer wéi wichteg et ass, datt dir eis imitéiere sollt: Mir ware jo net liddereg, wéi mir bei iech waren,
[8] an hunn och kengem säin Iesse giess, ouni dofir ze bezuelen. Villméi hu mir eis Dag an Nuecht beméit an haart geschafft, fir datt mir kengem vun iech zur Laascht fale sollten.
[9] Et war jo net esou, wéi wa mir kee Recht dozou gehat hätten, mee villméi wollte mir iech als Virbild déngen, fir datt dir eis imitéiere sollt.
[10] Wéi mir nach bei iech waren, hu mir iech dat heite Gebot ginn: „Wien net schaffe wëllt, soll och net iessen.“
[11] Et kënnt eis nämlech zu Oueren, datt der muncher vun iech wéi Lidderhanesse liewen: Si schaffen net, mee stiechen hir Nues an alles.
[12] Esou Leit befeelen a rode mir duerch eisen Här Jesus Christus: Sidd bedächteg, gitt schaffen a verdéngt är eege Suen!
[13] Geschwëster, dir sollt es awer net iwwerdrësseg ginn, fir Guddes ze maachen.
[14] Wann een eisen Uweisungen aus dësem Bréif net follegt, da mierkt iech deen an hutt näischt mat him ze dinn, esou datt hie sech schumme muss.
[15] Betruecht hien net als Feind, mee weist hien zurecht wéi e Brudder!
[16] Den Här vum Fridde selwer soll iech a jidder Situatioun an op all Manéier Fridde ginn. Den Här sief mat iech alleguer.
[17] DËSE GROUSS SCHREIWEN ECH, DE PAUL, SELWER. AN ALL MENGE BRÉIWER ASS DAT MÄIN ZEECHEN. DAT HEI ASS MENG HANDSCHRËFT.
[18] D’Gnod vun eisem Här Jesus Christus sief mat iech alleguer. Amen.