Skip to content
Opens in a new window

[1] Geschwëster, wat d’Zäiten an d’Zäitpunkten elo ugeet, wéini dat geschitt, brauch ech iech net ze schreiwen.

[2] Dir selwer wësst jo ganz genee, datt den Dag vum Här wéi en Déif an der Nuecht kënnt.

[3] Da wann d’Mënsche soen: „Mir sinn a Fridden an a Sécherheet!“, kënnt op eemol Zerstéierung iwwert si esou wéi Wéien iwwert eng schwanger Fra, a si kënnen net virdru fortlafen.

[4] Mee dir, Geschwëster, sidd net an der Däischtert, esou datt deen Dag iech wéi en Déif iwwerrompele kéint.

[5] Dir sidd jo all Kanner vum Liicht a Kanner vum Dag, net vun der Nuecht oder der Däischtert.

[6] Dofir solle mir net wéi déi aner schlofen, mee mir solle wuechtsam an aniichter sinn.

[7] Mënschen, déi schlofen, schlofen nuets, an déi, déi sech voll lafe loossen, sinn nuets voll.

[8] Mir gehéieren awer zum Dag an dofir solle mir aniichter sinn. Mir sollen de Broschtpanzer vum Glawen a vun der Léift undoen an als Helm d’Hoffnung op Rettung.

[9] Gott huet nämlech net d’Roserei fir eis bestëmmt, mee villméi d’Rettung, déi mir duerch eisen Här Jesus Christus kréien.

[10] Hien ass an eiser Plaz gestuerwen, fir datt mir zesumme mat him liewe kënnen, ob mir wuechtsam sinn oder schlofen.

[11] Dofir encouragéiert a stäerkt een deen aneren, esou wéi dir et elo schonns maacht.

[12] Geschwëster, mir froen iech, déijéineg unzeerkennen, déi fir iech schaffen, déi iech am Här leeden an déi iech zurechtweisen.

[13] Uecht si a bréngt hinne ganz vill Léift entgéint wéinst hirer Aarbecht. Lieft am Fridden ënnerteneen.

[14] Geschwëster, mir fuerderen iech dësweideren op: Weist déi zurecht, déi onverantwortlech sinn! Encouragéiert déi, déi decouragéiert sinn! Hëlleft deenen, déi schwaach sinn! Sidd mat jidderengem gedëlleg!

[15] Suergt dofir, datt kee Béises mat Béisem zeréckbezilt! Strieft villméi ëmmer duerno, een deem aneren an och soss jidderengem Guddes ze doen!

[16] Freet iech ëmmer!

[17] Biet bestänneg!

[18] Sot ënnert allen Ëmstänn Merci, well dat de Wëlle vu Gott fir iech ass duerch Christus Jesus!

[19] Ënnerdréckt den hellege Geescht net!

[20] Veruecht Prophezeiungen net,

[21] mee préift alles an haalt um Gudde fest!

[22] Haalt iech vum Béisen a jidder Form ewech!

[23] De Gott vum Fridde soll iech an allen Hisiichten helleg maachen. Äre ganze Geescht, är ganz Séil an äre ganze Kierper soll hien tadellos erhalen, fir wann eisen Här Jesus Christus kënnt.

[24] Deen, deen iech berifft, ass trei an hie mécht et och.

[25] Geschwëster, biet fir eis!

[26] Gréisst all d’Geschwëster mat enger helleger Bees!

[27] Ech bieden iech am Numm vum Här, dëse Bréif all den hellege Geschwëster virzeliesen.

[28] D’Gnod vun eisem Här Jesus Christus sief mat iech. Amen.

Den éischte Bréif un d’Thessaloniker — Chapters