Skip to content
Opens in a new window

[1] Mir konnten et net méi aushalen an dofir hu mir et besser fonnt, eleng zu Athen zeréckgelooss ze ginn.

[2] Mir hunn den Timothée geschéckt, deen eise Brudder, en Dénger vu Gott an eise Mataarbechter fir d’gutt Noriicht vu Christus ass. Mir hunn hie geschéckt, fir iech an ärem Glawen ze stäerken an z’encouragéieren.

[3] Esou sollt dir vu kengem duerch dat, wat dir elo leiden an erdroe musst, aus der Rou bruecht ginn. Dir wësst jo selwer, datt mir dozou bestëmmt sinn.

[4] Wéi mir nämlech bei iech waren, hate mir iech am Viraus gesot, datt mir duerch vill Misär misste goen, a wéi dir wësst, ass et och esou geschitt.

[5] Dofir hunn ech hie bei iech geschéckt, wéi ech et net méi aushale konnt, fir iwwert äre Glawe Bescheed ze wëssen. Ech wollt wëssen, ob deen, dee verféiert, iech a Versuchung bruecht hätt, esou datt eis Aarbecht ëmsoss gewiescht wier.

[6] Elo ass den Timothée vun iech bei eis hanneschtkomm an huet eis d’gutt Noriicht vun ärem Glawen an ärer Léift iwwerbruecht. Hie sot och, datt dir eis ëmmer a gudder Erënnerung hätt an datt dir duerno verlaangere géift, fir eis ze gesinn, geneesou wéi mir och no iech verlaangeren.

[7] Geschwëster, dofir ware mir an all eisem Misär an an all eiser Nout duerch iech getréischt, an dat wéinst ärem Glawen.

[8] Mir liewen elo op, well dir am Här standhaft sidd.

[9] Wéi kënne mir Gott wéinst ärer genuch Merci soen, fir all déi Freed, déi mir wéinst ärer virun eisem Gott erliewen?

[10] Dag an Nuecht biede mir aus ganzem Häerz drëms, fir iech nees perséinlech erëmzegesinn, fir un ärem Glawen dat nach z’ergänzen, wat feelt.

[11] Gott, eise Papp, an eisen Här Jesus Christus sollen eise Wee bei iech zeréckféieren.

[12] Den Här soll är Léift fireneen a fir all Mënsch wuessen a räich gi loossen, genee an deem Mooss wéi mir iech gär hunn.

[13] Esou soll hien är Häerzer stäerken, fir datt si tadellos an der Hellegkeet viru Gott, eisem Papp, stoe kënnen, wann den Här Jesus Christus mat all sengen Hellege zeréckkënnt.

Den éischte Bréif un d’Thessaloniker — Chapters