Skip to content
Opens in a new window

[1] Geschwëster, dir wësst jo selwer, datt eise Besuch bei iech net ëmsoss war.

[2] Obwuel mir schonns zu Philippi gelidden haten a mësshandelt goufen, wéi dir et jo wësst, konnte mir iech, dank eisem Gott, ouni Angscht d’gutt Noriicht vu Gott verkënnegen trotz groussem Widderstand.

[3] Eisen Appell un iech ass nämlech net aus der Irléier oder aus onrengen Absichten entstanen, an och net aus Falschheet.

[4] Gott huet eis gepréift an huet eis fir wierdeg gehalen, fir d’gutt Noriicht uvertraut ze kréien. Dofir schwätze mir, net fir de Mënschen, mee fir Gott ze gefalen, deen eis Häerzer préift.

[5] Wéi dir wësst, koume mir ni mat schmeechelege Rieden dohir an och net mat rangstegen Absichten. (Gott ass Zeien!)

[6] Mir hunn och ni d’Éier vun de Mënsche gesicht, weder vun iech nach vun aneren. Als Apostele vu Christus hätte mir iech eng Laascht kéinte sinn,

[7] mee mir waren duuss ënnert iech wéi eng Mamm, déi fir hir Kanner suergt.

[8] Mir haten iech esou an d’Häerz geschloss, datt mir net nëmmen d’gutt Noriicht vu Gott mat iech deele wollten, mee och eist Liewe selwer, well dir eis esou wichteg gi waart.

[9] Geschwëster, dir erënnert iech jo un eis Aarbecht a Méi: Mir hunn Dag an Nuecht geschafft, fir iech net zur Laascht ze falen, an hunn iech d’gutt Noriicht vu Gott verkënnegt.

[10] Dir an och Gott sidd Zeien, datt eist Verhalen iech Gleewege géigeniwwer helleg, gerecht an tadellos war.

[11] Dir wësst och wéi mir jidderengem vun iech Mutt gemaach a jidderee getréischt hunn, geneesou wéi e Papp dat mat senge Kanner mécht, a wéi mir iech opgefuerdert hunn,

[12] fir op eng Manéier ze liewen, déi Gott wierdeg ass. Hie berifft iech fir säi Kinnekräich a fir seng Herrlechkeet.

[13] Dofir soe mir Gott ëmmer nees Merci, datt dir, wéi dir d’Wuert vu Gott vun eis héieren hutt, et net als e Wuert vu Mënschen ugeholl hutt, mee als dat, wat et wierklech ass: d’Wuert vu Gott, wat an iech Gleewege schafft.

[14] Geschwëster, dir hutt jo d’Gemeinschafte vu Gott a Judea, déi a Christus Jesus sinn, imitéiert, well dir datselwecht vun äre Landsleit erlidden hutt wéi si vun de Judden,

[15] déi den Här Jesus an och hir eege Prophéiten ëmbruecht haten an eis verfollegt hunn. Si mëssfale Gott a si si Feinde vun alle Mënschen.

[16] Si wollten eis drun hënneren, fir den Net-Judden ze soen, datt si gerett kéinte ginn. Esou maache si bestänneg d’Mooss vun hirer Sënn voll. Schlussendlech ass awer d’Roserei op si komm.

[17] Mir awer, Geschwëster, wéi mir fir eng kuerz Zäit vun iech getrennt waren (physesch, net a Gedanken), hunn eis zudéifst gewënscht an alles dru gesat, fir iech nees ze gesinn.

[18] Mir wollte bei iech kommen (ech, de Paul, hunn et méi wéi eng Kéier probéiert), mee de Satan huet eis dru gehënnert.

[19] Wien ass dann eis Hoffnung, eis Freed oder eis Kroun, op déi mir houfreg virum Här Jesus kënne sinn, wann hien zeréckkënnt? Sidd dir dat net?

[20] Dir sidd jo eis Éier an eis Freed!

Den éischte Bréif un d’Thessaloniker — Chapters