Skip to content
Opens in a new window

[1] Vum Paul, vum Silvanus a vum Timothée un d’Gemeinschaft zu Thessaloniki, déi duerch Gott, de Papp, an den Här Jesus Christus besteet: Gnod sief mat iech a Fridde vu Gott, eisem Papp, an dem Här Jesus Christus.

[2] Mir soe Gott ëmmer fir iech Merci, all Kéiers wa mir iech an eise Gebieder ernimmen.

[3] Dann erënnere mir eis viru Gott, eisem Papp, un är trei Doten, un är Aarbecht, déi voller Léift ass, an un är onermiddlech Hoffnung op eisen Här Jesus Christus.

[4] Geschwëster, Gott huet iech gär. Mir wëssen, datt hien iech auserwielt huet,

[5] well eis gutt Noriicht koum net eleng duerch Wierder bei iech, mee och duerch Kraaft, duerch den hellege Geescht a mat voller Gewëssheet. (Dir wësst jo wéi mir waren, wéi mir wéinst ärer ënnert iech waren.)

[6] Dir hutt eis an och den Här imitéiert, well dir d’Wuert mat der Freed, déi aus dem hellege Geescht kënnt, opgeholl hutt, obschonns dir matzen a groussem Leed waart.

[7] Esou gouft dir e Beispill fir all déi Gleeweg a Mazedonien an an Achaia.

[8] Vun iech aus gouf jo dem Här seng Botschaft net nëmmen uechter Mazedonien an Achaia verkënnegt, mee och soss iwwerall. Äre Glawen u Gott huet sech iwwerall verbreet, esou datt mir et net néideg hunn, eppes ze soen.

[9] Si selwer verzielen nämlech iwwert eis, wéi mir bei iech empfaange goufen a wéi dir iech vun de Gëtzen ewech zu Gott gedréit hutt, fir dem liewegen a richtege Gott ze déngen

[10] a fir mat Freed op säi Jong ze waarden, deen aus dem Himmel kënnt an dee Gott vun den Doudegen operstoe gelooss huet. Säi Jong ass de Jesus, deen eis vun der Roserei, déi kënnt, erléist.

Den éischte Bréif un d’Thessaloniker — Chapters