[1] Zu gudder Lescht, Geschwëster, froen a riede mir iech zou wéinst dem Här Jesus: Esou wéi dir vun eis d’Léier krut, wéi dir liewen a Gott gefale sollt, esou sollt dir ëmmer méi doranner wuessen.
[2] Dir kennt jo d’Geboter, déi mir iech duerch den Här Jesus ginn hunn.
[3] De Wëlle vu Gott fir iech ass nämlech är Hellegung: datt dir iech vun onerlaabtem Sex ewechhaalt.
[4] Jidderee vun iech soll léieren, seng sexuell Bedierfnesser op eng helleg an éierbar Manéier an der Gitt ze halen
[5] a sech net vu sexuelle Leidenschafte beherrschen ze loossen, esou wéi déi Natiounen, déi Gott net kennen.
[6] Et soll keen an dëser Saach géint säi Brudder sënnegen oder vun him profitéieren, well den Här bestrooft all déi, déi dat alles maachen, esou wéi mir iech et schonns virdru gesot hunn an iech gewarnt hunn.
[7] Gott huet eis nämlech net dozou beruff, fir onreng ze sinn, mee fir helleg ze sinn.
[8] Wien dofir dëst Gebot verwerft, verwerft net de Mënsch, mee Gott, deen eis säin hellege Geescht ginn huet.
[9] Wat elo bridderlech Léift ugeet, hutt dir et net néideg, datt ech iech doriwwer schreiwen. Dir selwer sidd jo vu Gott geléiert ginn, een deen anere gär ze hunn,
[10] an dir weist jo wierklech äre Geschwëster uechter ganz Mazedonien dës Léift. Geschwëster, mir fuerderen iech awer dozou op, dat ëmmer méi generéis ze maachen.
[11] Strieft duerno, fir e rouegt Liewen ze féieren, fir iech ëm är eegen Affären ze këmmeren a fir mat ären eegenen Hänn ze schaffen, esou wéi mir iech dozou opgefuerdert hunn.
[12] Esou féiert dir en anstännegt Liewe virun deenen dobaussen a sidd op keen ugewisen.
[13] Geschwëster, mir wëllen, datt dir iwwert déi Verstuerwen informéiert sidd, fir datt dir net esou trauert wéi déi aner Mënschen, déi keng Hoffnung hunn.
[14] Mir gleewen nämlech, datt de Jesus gestuerwen an operstanen ass, an esou gleewe mir och, datt Gott duerch de Jesus déi Verstuerwe mat him matbréngt.
[15] Mir soen iech dat hei duerch e Wuert vum Här: Mir, déi mir liewen an nach iwwereg bleiwe bis den Här kënnt, ginn deenen, déi verstuerwe sinn, net viraus.
[16] Den Här selwer kënnt nämlech da vum Himmel erof, wann hien dem Äerzengel den Uerder gëtt, fir de Schofar vu Gott ze blosen an da stinn déi Doudeg a Christus fir d’éischt op.
[17] Da gi mir, déi nach liewen an iwwereg bleiwen, zesumme mat hinnen an de Wolleken eenzock ewechgeholl, fir dem Här an der Loft ze begéinen. Esou si mir fir ëmmer beim Här.
[18] Encouragéiert also een deen anere mat dëse Wierder.