Skip to content
Opens in a new window

[1] Vum Paul, vum Silvanus a vum Timothée un d’Gemeinschaft zu Thessaloniki, déi a Gott, eisem Papp, an an dem Här Jesus Christus ass:

[2] Gnod sief mat iech a Fridde vu Gott, eisem Papp, an dem Här Jesus Christus.

[3] Geschwëster, mir musse Gott ëmmer wéinst ärer Merci soen, wat jo nëmmen ubruecht ass, well äre Glawen ëmmer méi wiisst an d’Léift, déi jiddereen ee fir deen aneren huet, zouhëlt.

[4] Dofir schwätze mir mat Houfert iwwert iech virun de Gemeinschafte vu Gott, well dir matzen an äre Verfolgungen a Leed, déi dir erdrot, am Glawe standhaft bleift.

[5] De Beweis vum gerechten Uerteel vu Gott ass, datt dir fir wierdeg gehale gitt fir d’Kinnekräich vu Gott, woufir dir och leit.

[6] An den Ae vu Gott ass et jo gerecht, deenen, déi iech Misär maachen, mat Misär zeréckzebezuelen,

[7] an iech, déi dir zesumme mat eis Misär gemaach kritt, Rou ze schenken, wann den Här Jesus mat senge mächtegen Engelen vum Himmel erof sech mat Flamen a Feier ze erkenne gëtt.

[8] Dann hëlt hie Revanche un deenen, déi Gott net kennen, an un deenen, déi der gudder Noriicht vun eisem Här Jesus Christus net follegen.

[9] Si ginn da mat éiweger Zerséierung bestrooft: Si si getrennt vun der Präsenz vum Här a vu senger herrlecher Kraaft.

[10] Si bezuelen d’Strof, wann hien op deem Dag kënnt, fir ënnert sengen Hellege verherrlecht ze ginn an ënnert deenen, déi gegleeft hunn, bewonnert ze ginn. Och dir sidd dobäi, well dir eiser Ausso gegleeft hutt.

[11] Dofir biede mir och allzäit fir iech, datt eise Gott iech dëser Beruffung fir wierdeg hält an datt hien all Wëllen, fir gutt ze sinn, an all trei Dot mat Muecht erfëllt,

[12] fir datt den Numm vun eisem Här Jesus duerch iech verherrlecht ka ginn an dir duerch hie verherrlecht kënnt ginn, laut der Gnod vun eisem Gott an dem Här Jesus Christus.

Den zweete Bréif un d’Thessaloniker — Chapters