Skip to content
Opens in a new window

[1] Meeschteren, behandelt är Dénger fair a gerecht. Dir wësst jo, datt och dir e Meeschter am Himmel hutt.

[2] Bleift bestänneg am Gebiet, sidd dobäi dankbar a wuechtsam.

[3] Biet och an engems fir eis, fir datt Gott eis eng Dier fir d’Botschaft opmécht, fir datt mir d’Geheimnis vu Christus verkënnege kënnen, wéinst deem ech och am Prisong sinn.

[4] Biet, datt ech et kloer verkënnege kann, esou wéi ech et soll.

[5] Sidd weis an ärem Ëmgang mat deene vu baussen, andeems dir vu jidder Geleeënheet profitéiert.

[6] Dat, wat dir sot, soll ëmmer frëndlech sinn, mat Salz gewierzt. Dir sollt wëssen, wéi dir all Mënsch äntwere sollt.

[7] Eise Brudder Tychikos, deen ech gär hunn an deen en treien Dénger ass a mat mir dem Här déngt, verzielt iech, wéi et mir geet.

[8] Ech hunn hien dowéinst bei iech geschéckt, fir datt hie wësse kann, wéi et iech geet, a fir datt hien är Häerzer encouragéiere kann.

[9] Ech hunn hien zesumme mam Onesimos geschéckt, deen en treie Brudder ass, dee mir gär hunn an deen och ee vun iech ass. Si verzielen iech alles, wat hei lass ass.

[10] Den Aristarkos, dee mat mir am Prisong ass, gréisst iech. De Marc, dem Bar-Naba säi Koseng – wat hien ugeet, krut dir d’Uweisung: Wann hie bei iech kënnt, dann huelt hien op –

[11] an de Yeschua, dee Justus genannt gëtt, gréissen iech och. Vun de Judde sinn si déi eenzeg Mataarbechter fir d’Kinnekräich vu Gott. Si si mir Trouscht.

[12] Den Epaphras, deen och ee vun iech ass, gréisst iech och. Hien ass en Dénger vu Christus, deen ëmmer fir iech am Gebiet kämpft, fir datt dir standhaft bleift, räif sidd an erfëllt mam Wëlle vu Gott.

[13] Ech ka bezeien, datt hien e groussen Äifer fir iech, fir déi zu Laodizea a fir déi zu Hierapolis huet.

[14] De beléiften Dokter Luc an den Demas gréissen iech.

[15] Gréisst och d’Bridder zu Laodizea, d’Nymphas an d’Gemeinschaft, déi sech bei hir doheem trëfft.

[16] Nodeems iech dëse Bréif virgelies gouf, suergt dofir, datt en och der Gemeinschaft zu Laodizea virgelies gëtt. Suergt dofir, datt och dir de Bréif u Laodizea liest.

[17] Sot dem Archippos: „Pass op, datt s du den Déngscht, deen s du vum Här krus, erfëlls.“

[18] Dëse Grouss schreiwen ech selwer: PAUL. Erënnert iech u meng Fesselen. Gnod sief mat iech. Amen.

De Bréif un d’Kolosser — Chapters