[1] Ech, deen ech och en Eelsten an en Aenzeie vun de Leide vu Christus sinn an och un der Herrlechkeet deelhuelen, déi nach opgedeckt gëtt, ermunnen déi Eelst ënnert iech dozou:
[2] Hitt d’Häerd vu Gott, déi ënnert iech ass. Waacht iwwert se, net well dir dozou gezwonge gitt, mee maacht et fräiwëlleg – och net fir en onéierleche Gewënn, mee mat Äifer.
[3] Behuelt iech net ewéi Herrscher iwwert deen Undeel, deen iech uvertraut gouf, mee sidd Virbiller fir d’Häerd.
[4] Wann dann den ieweschten Hiert erschéngt, kritt dir d’Kroun vun der Herrlechkeet, déi ni verwielegt.
[5] Dat gëllt och fir déi méi jonk Leit: Uerdent iech den Eelsten ënner. Uerdent iech alleguer een deem aneren ënner a kleet iech mat Damiddegkeet an. Et steet nämlech geschriwwen: „Gott widdersteet den Houfregen, mee den Damiddege gëtt hie Gnod.“ (Spréch 3,34)
[6] Erniddregt iech also ënnert déi mächteg Hand vu Gott, fir datt hien iech zur richteger Zäit erhiewe kann,
[7] andeems dir all är Suergen op hie werft, well hie sech ëm iech këmmert.
[8] Sidd aniichter! Waacht! Äre Géigner, den Däiwel, geet ronderëm wéi e Léiw, dee brëllt, a sicht, wien e friesse kann.
[9] Widderstitt him, andeems dir fest an ärem Glawe stitt! Dir wësst jo, datt är Geschwëster uechter d’Welt duerch déiselwecht Leide ginn.
[10] Nodeems dir fir eng kleng Zäit gelidden hutt, mécht de Gott vun all Gnod, deen iech duerch Christus Jesus a seng éiweg Herrlechkeet beruff huet, iech vollkommen; hie stäerkt a kräftegt iech a stellt iech op feste Grond.
[11] Him sief d’Herrlechkeet an d’Herrschaft fir ëmmer an éiweg. Amen.
[12] Ech hunn iech kuerz duerch de Silvanus geschriwwen, deen ech als treie Brudder betruechten, an hunn iech ermunnt an hu bezeit, datt d’Gnod vu Gott, an där dir stitt, déi richteg ass!
[13] D’Gemeinschaft aus Babylon, déi zesumme mat iech auserwielt ass, an och de Marc, dee wéi mäi Jong ass, gréissen iech.
[14] Gréisst een deen anere mat enger frëndschaftlecher Bees. Fridde sief mat iech all, déi dir a Christus sidd. Amen.