[1] Dofir sollt dir all Béiswëllegkeet an all Bedruch, Schäinhellegkeet, Näid an all Beschass ofleeën
[2] a wéi neigebuere Puppelcher no der onverfälschter Mëllech vum Wuert verlaangeren, fir datt dir duerch si un d’Rettung eruwuesst,
[3] wann dir wierklech geschmaacht hutt, datt den Här gutt ass.
[4] Dir kommt bei hien, deen e liewege Steen ass a vun de Mënsche verworf gouf, mee vu Gott auserwielt a geéiert gouf
[5] an esou gitt dir selwer ewéi lieweg Steng zu engem geeschtlechen Haus, engem hellege Priisteramt, opgebaut, fir geeschtlech Affer ze bréngen, déi duerch de Jesus Christus gär vu Gott ugeholl ginn.
[6] Et steet an der Schrëft: „Kuckt, ech leeën e Steen an Zion, en Ecksteen, deen auserwielt a wäertvoll ass. Wien un hie gleeft, gëtt ni enttäuscht.“ (Yesaia 28,16)
[7] D’Éier ass also fir iech, déi dir gleeft, mee fir déi, déi net gleewen, gëllt dat hei: „De Steen, deen d’Steemetzer verworf hunn, ass zum Eckstee ginn“, (Psalmen 118,22)
[8] an: „e Steen, fir driwwer ze trëllen, an e Fiels vun der Beleidegung.“ (Yesaia 8,14) Si trëllen, well si dem Wuert net follegen, esou wéi et fir si bestëmmt war.
[9] Dir awer sidd eng auserwielte Famill, e kinneklecht Priisteramt, eng helleg Natioun, e Vollek, dat him gehéiert, fir datt dir d’Dugende vun deem verkënnege kënnt, deen iech aus der Däischtert a säi wonnerbart Liicht beruff huet.
[10] Soss waart dir kee Vollek, mee elo sidd dir d’Vollek vu Gott; fréier hat dir keng Baarmhäerzegkeet erwise kritt, mee elo hutt dir Baarmhäerzegkeet kritt.
[11] Léif Frënn, ech fuerderen iech als Auslänner a Friemer op, fir iech vun de kierperleche Begierlechkeeten, déi géint d’Séil krichen, ze enthalen.
[12] Äert Behuelen ënnert den Natioune soll éierbar sinn, fir datt si, och wa si iech elo als Mëssdéideger schlecht maachen, är gutt Wierker gesinn a Gott um Dag, op deem hien d’Mënschen inspizéiert, verherrlechen.
[13] Uerdent iech, wéinst dem Här, jidder Autoritéit vum Mënsch ënner: dem Kinnek, well hien iwwert jidderengem steet,
[14] oder de Gouverneuren, déi vun him geschéckt gi sinn, fir d’Mëssdéideger ze bestrofen a fir déi ze luewen, déi dat Richtegt maachen.
[15] Et ass nämlech de Wëlle vu Gott, datt dir déi topeg an onverstänneg Mënschen dozou bréngt, fir de Mond ze halen, andeems dir dat Richtegt maacht.
[16] Uerdent iech wéi Leit ënner, déi fräi sinn, net andeems dir är Fräiheet als Deckmantel fir dat Béist gebraucht, mee uerdent iech als Dénger vu Gott ënner.
[17] Éiert jiddereen. Hutt d’Geschwëster gär. Fäert Gott. Éiert de Kinnek.
[18] Dénger solle sech an allem Respekt hire Meeschteren ënneruerdnen, net nëmmen de gudden a guttmiddegen, mee och de skrupellosen.
[19] Et ass nämlech luewenswäert, wann e Mënsch am Hibléck op Gott Leed erdréit, andeems hie wéinst Ongerechtegkeet leit.
[20] Gitt dir éiere gelueft, wann dir wéinst der Sënn zerschloe gitt an et erdrot? Wann dir awer Guddes maacht an dowéinst leide musst, an et erdrot, dann ass dat luewenswäert viru Gott.
[21] Dozou sidd dir nämlech beruff ginn, well och Christus fir eis gelidden huet an eis e Virbild hannerlooss huet, fir datt dir a senge Foussspure goe kéint.
[22] „Hien huet keng Sënn begaangen, nach gouf Bedruch a sengem Mond fonnt.“ (Yesaia 53,9)
[23] Christus gouf vernannt, huet selwer awer kee vernannt. Hien huet gelidden, ouni engem ze dreeën, mee huet deem, dee gerecht uerteelt, alles iwwerlooss.
[24] Hie selwer huet eis Sënnen a sengem Kierper um Holz gedroen, fir datt mir, déi mir de Sënne gestuerwe sinn, fir d’Gerechtegkeet liewe kéinten. Duerch seng Wonne gouft dir geheelt.
[25] Dir waart nämlech ewéi Schof, déi irgeféiert goufen. Elo sidd dir awer bei den Hiert an de Wiechter vun äre Séilen zeréckbruecht ginn.