Skip to content
Opens in a new window

[1] Vum Schimon-Péitrus, engem Dénger an Apostel vum Jesus Christus, un déi, déi deeselwechte Glawe wéi mir kruten duerch d’Gerechtegkeet vun eisem Gott a Retter, dem Jesus Christus:

[2] Gnod a Fridde sollt dir duerch d’Erkenntnes vu Gott an dem Jesus, eisem Här, am Iwwerfloss kréien.

[3] Seng gëttlech Muecht huet eis alles ginn, wat d’Liewen an d’Frëmmegkeet ugeet, duerch d’Kenntnes vun deem, deen eis duerch Herrlechkeet a Guttheet beruff huet.

[4] Wéinst dëser Herrlechkeet a Guttheet huet hien eis wäertvoll a grouss Versprieche gemaach, fir datt dir duerch déi Verspriechen Undeel un der gëttlecher Natur kënnt huelen, well dir dem Verdierfnes, dat wéinst der Begierlechkeet an der Welt ass, entkomme konnt.

[5] Dofir beméit iech ganz äifreg dorëm, fir mat ärem Glawen d’Dugend ze verbannen, mat der Dugend d’Wäisheet,

[6] mat der Wäisheet d’Selbstbeherrschung, mat der Selbstbeherrschung d’Ausdauer, mat der Ausdauer d’Frëmmegkeet,

[7] mat der Frëmmegkeet d’bridderlech Léift a mat der bridderlecher Léift d’Léift selwer.

[8] Wann dës Eegenschafte wierklech an iech am Iwwerfloss bestinn, dann hale si iech dovunner of, onnëtz oder onfruchtbar ze sinn, wat d’Kenntnes iwwert eisen Här Jesus Christus ugeet.

[9] Wien dës Eegenschaften net huet, ass blann. Säi Verstand ass begrenzt, well hie vergiess huet, datt hie vu senge fréiere Sënne gerengegt gouf.

[10] Dofir, Geschwëster, gitt iech ëmsou méi drun, fir är Beruffung an är Wiel sécherzestellen. Wann dir dat alles maacht, faalt dir ni.

[11] Op dës Manéier kritt dir nämlech räichlech den Zougang an d’éiwegt Kinnekräich vun eisem Här a Retter, dem Jesus Christus, bewëllegt.

[12] Dofir loossen ech net no, iech ëmmer dorunner z’erënneren, obwuel dir dat alles scho wësst a fest an der Wourecht, déi dir hutt, verwuerzelt sidd.

[13] Esoulaang ech nach an dësem Zelt sinn, halen ech et fir richteg, fir iech waakreg ze rëselen, andeems ech iech drun erënneren.

[14] Ech weess nämlech, dat ech geschwë mäin Zelt ofrappen, esou wéi eisen Här Jesus Christus et mir gewisen huet.

[15] Ech wëll awer dofir suergen, datt dir no mengem Doud ëmmer eng Erënnerung dorun hutt.

[16] Mir sinn nämlech kenge raffinéiert ausgeduechte Mythossen nogaangen, wéi mir iech d’Muecht an d’Komme vun eisem Här Jesus Christus verkënnegt hunn, mee mir waren Aenzeie vu senger Majestéit.

[17] Wéi hien nämlech Éier an Herrlechkeet vu Gott, dem Papp, krut, koum eng Stëmm aus der majestéitescher Herrlechkeet an huet zu him gesot: „Dat hei ass mäi Jong, deen ech gär hunn. Ech hunn un him Gefale fonnt.“ (Mattias 17,5; Marc 9,7; Luc 9,35)

[18] Mir selwer hunn dës Stëmm, déi aus dem Himmel koum, héieren, wéi mir zesumme mat him um hellege Bierg stoungen.

[19] Dat prophéitescht Wuert ass fir eis awer méi gewëss, wéi dës Stëmm. Dir géift gutt drun doen, op dat Wuert ze lauschteren. Et ass nämlech wéi e Liicht, dat an enger däischterer Plaz schéngt, bis den Dag ubrécht an de Mueresstär an ären Häerzer opgeet.

[20] Virun allem musst dir dat hei verstoen: Keng Prophezeiung an der Schrëft entsteet aus enger eegener Interpretatioun.

[21] Prophezeiung koum nämlech nach ni duerch de Wëlle vum Mënsch, mee helleg Männer vu Gott hunn esou geschwat, wéi si vum hellege Geescht geleet goufen.

Den zweete Bréif vum Péitrus — Chapters