Skip to content
Opens in a new window

[1] Christus huet nämlech physesch fir eis gelidden an dofir sollt dir iech mat därselwechter Astellung equipéieren. Wien nämlech physesch gelidden huet, huet mat der Sënn Schluss gemaach,

[2] fir datt hien an där Zäit, déi him nach am Kierper bleift, net méi no de Begierlechkeete vum Mënsch lieft, mee nom Wëlle vu Gott.

[3] Mir hunn nämlech genuch vun eisem fréiere Liewen domat verbruecht, fir de Wëlle vun den Natiounen ze maachen. Mir hunn deemools an engem verduerwene Liewen, an de Begierlechkeeten, am Soff, am exzessive Gefréiss, an de Saufereien an an den abscheileche Gëtzendéngschter gelieft.

[4] Elo si si schockéiert, datt dir net méi bei hirer onbänneger Verkommenheet matmaacht, an dofir maache si iech erof.

[5] Si mussen awer deem Rechenschaft ofleeën, dee prett ass déi Lieweg an déi Doudeg ze riichten.

[6] Dofir ass d’gutt Noriicht esouguer den Doudege gepriedegt ginn, fir datt si am Kierper wéi Mënsche geriicht ginn, mee duerch Gott am Geescht liewen.

[7] D’Enn vun allem ass nobäi: Sidd also verstänneg an aniichter fir d’Gebieder.

[8] Virun allem hutt eng konstant bridderlech Léift ee fir deen aneren, well d’Léift eng Onmass Sënnen zoudeckt.

[9] Sidd gaaschtfrëndlech ee mat deem aneren, ouni iech ze bekloen.

[10] Jidderee soll déi Gof gebrauchen, déi hie krut, fir een deem aneren ze déngen. Esou ass hien e gudde Verwalter vun der villfälteger Gnod vu Gott.

[11] Wann ee schwätzt, da wéi ee mat de Wierder vu Gott; wann een déngt, da wéi een, deen duerch d’Kraaft déngt, déi vu Gott kënnt. Esou gëtt Gott duerch de Jesus Christus an allem verherrlecht. Him gehéiert all Herrlechkeet a Muecht fir ëmmer an éiweg. Amen.

[12] Léif Frënn, sidd net iwwerrascht, wann dir d’Feier spiert, dat als Prouf iwwert iech komm ass, wéi wann iech eppes Gelungenes geschéie géif.

[13] Freet iech awer, esou wäit dir un de Leide vu Christus deelhuele kënnt, fir datt dir iech ëmsou méi freeë kënnt, wa seng Herrlechkeet erkennbar gemaach gëtt.

[14] Wann dir beleidegt gitt wéinst dem Numm vu Christus, da sidd dir geseent, well de Geescht vun der Herrlechkeet a vu Gott op iech rout. Bei hinne gëtt hie gelästert, mee bei iech gëtt hie verherrlecht.

[15] Et soll kee vun iech als Mäerder, als Déif, als Mëssdéideger oder als Opstëppler leiden.

[16] Wann awer een als Chrëscht leide muss, da soll hie sech net schummen, mee Gott domat verherrlechen.

[17] D’Zäit ass nämlech do, datt d’Geriicht beim Haus vu Gott ufänkt. Wann et fir d’éischt bei eis ufänkt, wat ass dann d’Enn vun deenen, déi der gudder Noriicht vu Gott net follegen?

[18] Et steet geschriwwen: „Wann de gerechte Mënsch knapps gerett gëtt, wat geschitt da wuel mam gottlose Mënsch a mam Sënner?“ (Spréch 11,31)

[19] Dofir mussen déi, déi nom Wëlle vu Gott leiden, hir Séilen engem treie Schëpfer uvertrauen, während si Guddes maachen.

Den éischte Bréif vum Péitrus — Chapters