[1] Geneesou sollen d’Frae sech hiren eegene Männer ënneruerdnen, fir datt si, och wa muncher dem Wuert net follegen, duerch d’Behuele vun hire Frae gewonne kënne ginn, ouni datt déi e Wuert soen.
[2] Si gesi jo äert keuscht a respektvollt Behuelen.
[3] Är Schéinheet soll net aus dem Äusserleche bestoen, esou wéi elegant Coiffuren, Kleeder oder gëlle Bijouen.
[4] Är Schéinheet soll villméi ënnerlech, am bannenzege Wiesen, sinn. Si ass déi onvergänglech Schéinheet vun engem duussen a friddleche Geescht, deen an den Ae vu Gott ganz wäertvoll ass.
[5] Esou hunn och fréier déi helleg Fraen, déi hir Hoffnung a Gott haten, sech schéi gemaach, andeems si sech hire Männer ënnergeuerdent hunn.
[6] Esou huet och d’Sara dem Abraham gefollegt, andeems hatt hien Här genannt huet. Dir sidd och seng Kanner, wann dir dat Richtegt maacht an iech vu kengem aschüchtere loosst.
[7] Geneesou sollen och d’Männer mat Versteesdemech zesumme mat hire Frae liewen, wéi mat engem physesch méi schwaache Geschlecht, an hinnen Éier erweisen, well och si sinn Ierwe vun der Gnod vum Liewen. Esou steet äre Gebieder näischt am Wee.
[8] Schlussendlech sollt dir all gläichgesënnt a matleedeg sinn, bridderlech Léift a Matgefill hunn a frëndlech sinn.
[9] Dir sollt net Béises mat Béisem oder Frechheet mat Frechheet zeréckbezuelen. Aplaz dovunner sollt dir seenen, well dir wësst, datt dir dozou beruff gi sidd, fir e Segen ze ierwen.
[10] Et steet nämlech geschriwwen: „Wien d’Liewe gär huet a gutt Deeg gesi wëllt, soll seng Zong dovunner ofhalen, Béises ze soen a seng Lëpsen dovunner ofhalen ze bedréien.
[11] Hie muss sech vum Béisen ewechdréien a Guddes maachen. Hie muss Fridde sichen an em nojoen.
[12] D’Ae vum Här kucken nämlech op déi Gerecht a seng Ouere lauschteren op hiert Gebiet. Mee d’Gesiicht vum Här ass géint déi geriicht, déi Béises maachen.“ (Psalmen 34,13-17)
[13] Wien deet iech scho Béises un, wann dir dem Gudden nogitt?
[14] Falls dir awer wéinst der Gerechtegkeet leide sollt, sidd dir geseent. „Fäert net dat, wat si fäerten, a sidd net beonrouegt.“ (Yesaia 8,12)
[15] Hellegt awer den Här als Gott an ären Häerzer. Sidd ëmmer bereet, deene Ried an Äntwert ze stoen, déi iech nom Grond vun der Hoffnung froen, déi an iech ass. Maacht dat mat Damiddegkeet a Respekt.
[16] Behaalt esou e rengt Gewëssen. Esou ginn déijéineg blaméiert, déi iech als Béiser a Verruff bréngen, wa si iech wéinst ärem gudde Behuelen a Christus Béises nosoen.
[17] Et ass nämlech besser, wann dat de Wëlle vu Gott ass, fir gutt Doten ze leide wéi fir béis Doten.
[18] Christus huet nämlech eemol wéinst de Sënne gelidden, de Gerechte fir déi Ongerecht, fir iech bei Gott ze bréngen. Am Läif gouf hien ëmbruecht, duerch de Geescht gouf hien awer lieweg gemaach.
[19] Duerch de Geescht goung hien och hin an huet de Geeschter am Prisong gepriedegt.
[20] Dës Geeschter hate viru laanger Zäit net gefollegt, wéi Gott zur Zäit vum Noach gedëlleg gewaart huet, wéi d’Arch gebaut gouf. An der Arch goufen der wéineg, just aacht Persounen, duerch d’Waasser erduerch gerett.
[21] Dat ass e Symbol vun der Daf, déi eis elo duerch d’Operstéiung vum Jesus Christus rett (déi net d’sënneg Natur ewechhëlt, mee eng Ufro u Gott fir e rengt Gewëssen ass).
[22] Christus ass an den Himmel eropgefuer a sëtzt elo zur Rietser vu Gott. D’Engelen, d’Gewalten an d’Muechte goufen him ënnergeuerdent.