[1] Jiddereen, dee gleeft, datt de Jesus de Christus ass, ass aus Gott gebuer. Jiddereen, deen de Papp gär huet, huet och dee gär, deen aus him gebuer gouf.
[2] Esou erkenne mir, datt mir d’Kanner vu Gott gär hunn: wa mir Gott gär hunn a seng Geboter anhalen.
[3] Dat hei ass nämlech d’Léift fir Gott: Mir hale seng Geboter an a seng Geboter si keng Laascht.
[4] Deen, deen aus Gott gebuer ass, iwwerwënnt nämlech d’Welt. Dat hei ass d’Victoire, déi d’Welt iwwerwonnen huet: eise Glawen.
[5] Wien ass deen, deen d’Welt iwwerwënnt? Deen, dee gleeft, datt de Jesus de Jong vu Gott ass.
[6] Hie war deen, deen duerch Waasser a Blutt koum: de Jesus Christus. Hie koum net eleng duerch Waasser, mee duerch Waasser a Blutt. De Geescht bezeit dat, well de Geescht d’Wourecht ass.
[7] Et sinn der nämlech dräi, déi bezeien:
[8] de Geescht, d’Waasser an d’Blutt, an déi dräi si sech eens.
[9] Wa mir dem Mënsch seng Ausso unhuelen, dann ass d’Ausso vu Gott ëmsou méi wäertvoll, well déi d’Ausso vu Gott ass, déi hien iwwert säi Jong gemaach huet.
[10] Wien dem Jong vu Gott vertraut, dréit d’Ausso a sech selwer. Wie Gott net gleeft, mécht hien zum Ligener, well hien der Ausso, déi Gott iwwert säi Jong gemaach huet, net gegleeft huet.
[11] Dat hei ass d’Ausso: Gott huet eis éiwegt Liewe ginn an dëst Liewen ass a sengem Jong.
[12] Wien de Jong huet, huet d’Liewen; wien de Jong vu Gott net huet, huet d’Liewen net.
[13] Ech schreiwen iech, déi dir un de Numm vum Jong vu Gott gleeft, dat alles, fir datt dir wësst, datt dir éiwegt Liewen hutt an datt dir un den Numm vum Jong vu Gott gleeft.
[14] Dat hei ass d’Zouversiicht, déi mir an hien hunn: Wa mir fir eppes froen, wat sengem Wëllen entsprécht, da lauschtert hien op eis.
[15] Wa mir wëssen, datt hien op eis lauschtert, da wësse mir, datt mir hunn, egal ëm wat mir hie gefrot hunn.
[16] Wann ee säi Brudder eng Sënn begoe gesäit, déi awer net zum Doud féiert, da soll hie bieden. Gott gëtt deem Liewen, deem seng Sënn net zum Doud féiert. Et gëtt eng Sënn, déi zum Doud féiert, an ech soen net, datt hie fir déi biede soll.
[17] All Ongerechtegkeet ass Sënn, mee et gëtt och eng Sënn, déi net zum Doud féiert.
[18] Mir wëssen, datt keen, deen aus Gott gebuer ass, sënnegt. Mee Gott behitt deen, deen aus him gebuer gouf, an de Béise kann him näischt zu Leeds doen.
[19] Mir wëssen, datt mir vu Gott sinn an datt d’ganz Welt dem Béisen ënnerdoen ass.
[20] Mir wëssen awer och, datt de Jong vu Gott komm ass an datt hien eis Verstand ginn huet, fir datt mir de wahrhaftege Gott erkenne kënnen. Mir sinn am wahrhaftege Gott, a sengem Jong, dem Jesus Christus. Hien ass de wahrhaftege Gott an d’éiwegt Liewen.
[21] Kanner, hitt iech viru Gëtzen! Amen.