[1] Léif Geschwëster, gleeft net all Geescht, mee préift d’Geeschter, ob se vu Gott sinn. Et sinn nämlech vill falsch Prophéite schonn an d’Welt erausgaangen.
[2] Heirun erkennt dir de Geescht vu Gott: All Geescht, deen unerkennt, datt de Jesus Christus als Mënsch komm ass, ass vu Gott
[3] an all Geescht, deen net bekennt, datt de Jesus Christus als Mënsch komm ass, ass net vu Gott. Dat ass de Geescht vum Antichrëscht. Dir hutt héieren, datt e komme soll, an en ass schonn an der Welt.
[4] Kanner, dir sidd vu Gott an dir hutt d’falsch Prophéiten iwwerwonnen, well deen, deen an iech ass, ass méi staark wéi deen, deen an der Welt ass.
[5] Si sinn aus der Welt. Dofir schwätze si wéi d’Welt an d’Welt lauschtert op si.
[6] Mee mir si vu Gott. Deen, dee Gott kennt, lauschtert op eis; deen, deen net vu Gott ass, lauschtert net op eis. Dorunner erkenne mir de Geescht vun der Wourecht an de Geescht vum Iertum.
[7] Léif Geschwëster, loosst eis een deen anere gär hunn, well d’Léift vu Gott kënnt. Jiddereen, dee Léift huet, ass aus Gott gebuer a kennt Gott.
[8] Wie keng Léift huet, kennt Gott net, well Gott Léift ass.
[9] Esou ass d’Léift vu Gott ënnert eis gewise ginn: Gott huet säin eenzege Jong an d’Welt geschéckt, fir datt mir duerch hie liewe kënnen.
[10] Dat hei ass d’Léift: net datt mir Gott gär haten, mee datt hien eis gär hat a säi Jong als Affer geschéckt huet, fir fir eis Sënnen ze béissen.
[11] Léif Geschwëster, wa Gott eis op dës Manéier gär hat, da solle mir och een deen anere gär hunn.
[12] Et huet nach ni ee Gott gesinn. Wa mir een deen anere gär hunn, bleift Gott an eis a seng Léift ass an eis vervollstännegt ginn.
[13] Esou wësse mir, datt mir an him bleiwen an hien an eis: Hien huet eis vu sengem Geescht ginn.
[14] Mir hu gesinn a mir bezeien, datt de Papp de Jong als Retter vun der Welt geschéckt huet.
[15] Wie bekennt, datt de Jesus de Jong vu Gott ass, an deem bleift Gott an hien a Gott.
[16] Mir hunn d’Léift, déi Gott fir eis huet, erkannt a mir vertrauen drop. Gott ass Léift, an deen, deen an der Léift bleift, bleift a Gott a Gott an him.
[17] Esou gouf d’Léift ënnert eis vervollstännegt: Mir sinn esou wéi hien an dëser Welt an esou kënne mir um Dag vum Geriicht zouversiichtlech sinn.
[18] An der Léift gëtt et keng Angscht. Vollkomme Léift verdreift d’Angscht, well Angscht mat Bestrofung ze dinn huet. Mee wien Angscht huet, gouf net duerch d’Léift vervollstännegt.
[19] Mir hunn hie gär, well hien eis fir d’éischt gär hat.
[20] Wie seet, datt hie Gott gär hätt, mee säi Brudder haasst, ass e Ligener. Wéi kann nämlech een, dee säi Brudder net gär huet, deen hie gesäit, Gott gär hunn, deen hien net gesäit?
[21] Dëst Gebot hu mir vun him: Wie Gott gär huet, soll och säi Brudder gär hunn.