[1] Vum Eelsten un déi auserwielte Meeschtesch an hir Kanner, déi ech wéinst der Wourecht gär hunn, an net nëmmen ech, mee och déi, déi d’Wourecht erkannt hunn,
[2] wéinst der Wourecht, déi an eis bleift an éiweg mat eis ass.
[3] Gnod, Baarmhäerzegkeet a Fridde vu Gott, dem Papp, a vum Här Jesus Christus, dem Jong vum Papp, solle mat eis si wéinst der Wourecht an der Léift.
[4] Ech hu mech immens gefreet, datt ech der ënnert denge Kanner fonnt hunn, déi an der Wourecht liewen, esou wéi mir et vum Papp befuel kruten.
[5] Meeschtesch, ech bieden dech elo (et ass jo net, wéi wann ech en neit Gebot géif schreiwen, mee dat, wat mir vun Ufank un haten), datt mir een deen anere gär hunn.
[6] Dat hei ass d’Léift: datt mir no senge Geboter liewen. Dat ass d’Gebot, esou wéi dir et vun Ufank un héieren hutt, datt dir doranner liewe sollt.
[7] Et si vill Verféierer an d’Welt erausgaangen, déi net bekennen, datt de Jesus Christus am Kierper komm ass. Esou een ass e Schwindler an en Antichrëscht.
[8] Gitt op iech uecht, datt mir net dat verléieren, fir dat mir geschafft hunn, mee datt mir de ganze Loun kréien.
[9] Jiddereen, deen d’Gebot iwwertrëtt an net an der Léier vu Christus bleift, huet Gott net; wien an der Léier vu Christus bleift, huet souwuel de Papp wéi och de Jong.
[10] Sollt iergendee bei iech kommen an dës Léier net bréngen, da loosst hien net an d’Haus a sot him net emol Moien.
[11] Wien hie begréisst, hëlt nämlech u senge béisen Doten deel.
[12] Ech hätt iech nach vill ze schreiwen, ma ech wollt et net mat Papyrus an Tënt maachen. Amplaz dovun hoffen ech, bei iech ze kommen a perséinlech mat iech ze schwätzen, fir datt eis Freed vollkomme ka sinn.
[13] D’Kanner vun denger auserwielte Schwëster gréissen dech. Amen.