[1] Kuckt, wat fir eng grouss Léift de Papp eis geschenkt huet: Mir gi Kanner vu Gott genannt! Dofir kennt d’Welt eis net, well si hien net erkannt huet.
[2] Léif Frënn, mir sinn elo Kanner vu Gott a mir kruten nach net gewisen, wat mir an Zukunft sinn. Mir wëssen awer, datt mir esou sinn ewéi hien, wann hien erschéngt, well mir hien esou gesinn, wéi hien ass.
[3] Jiddereen, deen dës Hoffnung op hien huet, rengegt sech selwer, esou wéi och hie reng ass.
[4] Jiddereen, dee sënnegt, brécht d’Gesetz. Sënn ass Gesetzlosegkeet.
[5] Dir wësst, datt hien erschéngen ass, fir eis Sënnen ewechzehuelen. An him gëtt et keng Sënn.
[6] Jiddereen, deen an him bleift, sënnegt net. Deen, dee sënnegt, huet hie weder gesinn nach erkannt.
[7] Kanner, loosst iech vu kengem irféieren. Deen, dee mécht, wat der Gerechtegkeet entsprécht, ass gerecht, geneesou wéi hie gerecht ass.
[8] Deen, dee sënnegt, ass vum Däiwel, well den Däiwel vun Ufank u gesënnegt huet. Dowéinst ass de Jong vu Gott erschéngen, fir datt hien dem Däiwel seng Wierker zerstéiert.
[9] Deen, deen aus Gott gebuer ass, sënnegt net, well säi Som an him bleift. Hie kann net sënnegen, well hien aus Gott gebuer ass.
[10] Esou kënnen d’Kanner vu Gott an d’Kanner vum Däiwel erkannt ginn: Wien net mécht, wat der Gerechtegkeet entsprécht, ass net vu Gott, nach ass dee vu Gott, dee säi Brudder net gär huet.
[11] Dat hei ass nämlech de Message, deen dir vun Ufank un héieren hutt: Mir sollen een deen anere gär hunn
[12] an et net esou maachen ewéi de Kain. Hie war e Kand vum Béisen an huet säi Brudder ëmbruecht. Firwat huet hien en ëmbruecht? Ma well seng Dote béis waren, während sengem Brudder seng gerecht waren.
[13] Meng Geschwëster, wonnert iech net, wann d’Welt iech haasst.
[14] Mir wëssen, datt mir vum Doud an d’Liewen eriwwergaange sinn, well mir d’Geschwëster gär hunn. Wien de Brudder net gär huet, bleift am Doud.
[15] Jiddereen, dee säi Brudder haasst, ass e Mäerder an dir wësst, datt a kengem Mäerder éiwegt Liewe bestoe kann.
[16] Heirun erkenne mir d’Léift: datt hie säi Liewe fir eis hierginn huet. Esou sollen och mir eist Liewe fir d’Geschwëster hierginn.
[17] Wann ee weltleche Besëtz huet a gesäit, datt säi Brudder eppes brauch, an him säin Häerz verschléisst, wéi kann d’Léift vu Gott dann an him sinn?
[18] Meng Kanner, loosst eis net een deen anere mat Wierder oder mat Geschwätz gär hunn, mee mat Dot a Wourecht.
[19] Heirun erkenne mir, datt mir aus der Wourecht sinn, an esou kënne mir eist Gewësse virun him vergewësseren:
[20] Wann eist Gewëssen eis veruerteelt, dann ass Gott méi grouss wéi eist Gewëssen, an hien ass deen, deen alles weess.
[21] Léif Geschwëster, wann eist Gewëssen eis net veruerteelt, dann hu mir Zouversiicht viru Gott,
[22] an egal ëm wat mir hie froen, dat kréie mir vun him, well mir seng Geboter anhalen an dat maachen, wat him gefält.
[23] Dat hei ass säi Gebot: Mir sollen un den Numm vu sengem Jong, dem Jesus Christus, gleewen an een deen anere gär hunn, esou wéi hien eis et befuel huet.
[24] Wie seng Geboter anhält, bleift an him an hien an him. Heirun erkenne mir, datt hien an eis bleift: duerch de Geescht, deen hien eis ginn huet.