Skip to content
Opens in a new window

[1] Mir verkënnegen iech dat, wat vun Ufank u war, wat mir héieren hunn, wat mir mat eisen eegenen Ae gesinn hunn, wat mir ugekuckt hunn a wat eis Hänn beréiert hunn: d’Wuert vum Liewen.

[2] (D’Liewen ass erschéngen a mir hunn et gesinn. Mir bezeien et a verkënnegen iech dat éiwegt Liewen, dat mam Papp war a bei eis erschéngen ass.)

[3] Dat, wat mir gesinn an héieren hunn, verkënnege mir iech, fir datt och dir Gemeinschaft mat eis hutt. Mir hu Gemeinschaft mam Papp a mat sengem Jong, dem Jesus Christus.

[4] Mir schreiwen iech dat alles, fir datt är Freed vollstänneg ass.

[5] Dat hei ass de Message, dee mir vun him héieren hunn an dee mir iech verkënnegen: Gott ass Liicht an an him gëtt et guer keng Däischtert.

[6] Wa mir soen, mir hätte Gemeinschaft mat him, mee an der Däischtert liewen, da léie mir a maachen net dat, wat der Wourecht entsprécht.

[7] Mee wa mir am Liicht liewen, esou wéi hien am Liicht ass, dann hu mir Gemeinschaft mateneen an d’Blutt vu sengem Jong, dem Jesus Christus, rengegt eis vun all Sënn.

[8] Wa mir soen, mir hätte keng Sënn, da bedréie mir eis selwer an d’Wourecht ass net an eis.

[9] Wa mir eis Sënnen zouginn, dann ass hien trei a gerecht: Hie verzeit eis d’Sënnen a rengegt eis vun all Ongerechtegkeet.

[10] Wa mir soen, mir hätten net gesënnegt, da maache mir Gott zum Ligener a säi Wuert ass net an eis.

Den éischte Bréif vum Jean — Chapters