[1] Meng Kanner, ech schreiwen iech dat alles, fir datt dir net sënnegt. Wann awer ee sënnegt, dann hu mir e Begleeder beim Papp: de Jesus Christus, de Gerechten.
[2] Hien ass d’Boussaffer fir eis Sënnen, awer net nëmme fir eis Sënnen, mee och fir déi vun der ganzer Welt.
[3] Heirun erkenne mir, datt mir hie kennen: wa mir seng Geboter anhalen.
[4] Wie seet: „Ech kennen hien“, mee seng Geboter net anhält, deen ass e Ligener an d’Wourecht ass net an him.
[5] Wann awer ee säi Wuert anhält, dann ass d’Léift vu Gott sécherlech an him vollstänneg ginn. Da wësse mir, datt mir an him sinn.
[6] Wie behaapt, datt hien an him bleift, dee muss genee dee Wee goen, deen hie gaangen ass.
[7] Geschwëster, ech schreiwen iech keen neit Gebot, mee en aalt Gebot, dat dir vun Ufank un hat. Dëst aalt Gebot ass d’Wuert, dat dir vun Ufank un héieren hutt.
[8] Anerersäits schreiwen ech iech en neit Gebot, dat an him an och an iech Wierklechkeet ass, well d’Däischtert vergeet an dat richtegt Liicht scho schéngt.
[9] Wie seet: „Ech sinn am Liicht“, mee säi Brudder haasst, deen ass nach ëmmer an der Däischtert.
[10] Wie säi Brudder gär huet, bleift am Liicht an an him gëtt et kee Grond ze falen.
[11] Mee wie säi Brudder haasst, deen ass an der Däischtert a lieft an der Däischtert. Hie weess och net, wou hien higeet, well d’Däischtert seng Ae blann gemaach huet.
[12] Ech schreiwen iech, Kanner, well är Sënnen iech wéinst sengem Numm verzie gi sinn.
[13] Ech schreiwen iech, Pappen, well dir deen erkannt hutt, dee vun Ufank un ass. Ech schreiwen iech, jonk Männer, well dir de Béisen iwwerwonnen hutt. Ech schreiwen iech, Kanner, well dir de Papp erkannt hutt.
[14] Ech hunn iech geschriwwen, Pappen, well dir deen erkannt hutt, dee vun Ufank un ass. Ech hunn iech geschriwwen, jonk Männer, well dir staark sidd an d’Wuert vu Gott an iech bleift an dir de Béisen iwwerwonnen hutt.
[15] Hutt net d’Welt gär an och net all dat, wat an der Welt ass. Wann e Mënsch d’Welt gär huet, ass d’Léift vum Papp net an him.
[16] Alles, wat an der Welt ass – d’Begierlechkeet vum Kierper, d’Begierlechkeet vun den Aen an d’Bretzen iwwert säi Liewen – ass nämlech net vum Papp, mee vun der Welt.
[17] D’Welt mat hire Begierlechkeete vergeet, mee wien de Wëlle vu Gott mécht, dee bleift fir éiweg.
[18] Kanner, déi lescht Stonn huet geschloen! Esou wéi dir héieren hutt, datt den Antichrëscht kënnt, esou sinn och elo schonns vill Antichrëschte komm. Dorunner erkenne mir, datt et déi lescht Stonn ass.
[19] Si si vun eis ausgaangen, mee si ware keng vun eis. Wa si nämlech vun eis gewiescht wieren, wiere si bei eis bliwwen; mee si si fortgaangen, fir bloussgestallt ze ginn, well si net alleguer vun eis sinn.
[20] Dir awer hutt eng Salbung vum Hellege kritt an dir kennt alles.
[21] Ech hunn iech net geschriwwen, well dir d’Wourecht net kennt, mee well dir se kennt. Dir wësst, datt aus der Wourecht keng Lige kënnt.
[22] Ass net deen e Ligener, dee leegent, datt de Jesus de Christus ass? Deen, deen de Papp an de Jong leegent, ass en Antichrëscht.
[23] Jiddereen, deen de Jong verleegent, huet och de Papp net. Deen, deen de Jong unerkennt, huet och de Papp.
[24] Wat iech elo ugeet, soll dat an iech bleiwen, wat dir vun Ufank un héieren hutt. Wann dat, wat dir vun Ufank un héieren hutt, an iech bleift, da bleift och dir am Jong an am Papp.
[25] Dat hei ass d’Verspriechen, dat hien eis ginn huet: d’éiwegt Liewen.
[26] Ech hunn iech dat alles iwwert déi, déi iech wëllen irféieren, geschriwwen.
[27] Wat iech elo ugeet, bleift d’Salbung, déi dir vun him kritt hutt, an iech. Dir sidd et och net néideg, datt een iech léiert, well déi nämmlecht Salbung léiert iech alles. Si ass d’Wourecht a keng Ligen. Bleift dir an him, grad ewéi d’Salbung iech et geléiert huet.
[28] An elo, Kanner, bleift an him, fir datt mir an deem Moment, an deem hien erschéngt, Zouversiicht kënnen hunn an eis esou net virun him schumme mussen, wann hie kënnt.
[29] Wann dir wësst, datt hie gerecht ass, da wësst dir och, datt jiddereen, dee mécht, wat der Gerechtegkeet entsprécht, aus him gebuer ass.