[1] Léif Frënn, dat hei ass elo den zweete Bréif, deen ech iech schreiwen. An deenen zwee wëll ech äre gesonde Verstand unhand vun enger Erënnerung waakreg rëselen,
[2] fir datt dir iech un déi Wierder, déi duerch d’helleg Prophéite virausgesot goufen, an un d’Gebot vun eisem Här a Retter, dat duerch eis Apostele vermëttelt gouf, erënnert.
[3] Verstitt fir d’éischt dat hei: An de leschten Deeg komme Spottmécher, déi no hiren eegene Begierlechkeete liewen.
[4] Si soen: „Wou bleift dat ‚Kommen‘, dat hie versprach hat? Zënter eis Virfuere gestuerwe sinn, ass alles esou bliwwen, wéi et säit dem Ufank vun der Schëpfung war.“
[5] Absichtlech vergiesse si dat hei: Duerch d’Wuert vu Gott huet den Himmel viru laangem existéiert an d’Äerd gouf aus Waasser an duerch Waasser zesummegesat.
[6] Duerch Waasser gouf d’Welt deemools zerstéiert, wéi si mat Waasser iwwerschwemmt gouf.
[7] Mee den Himmel an d’Äerd, déi elo duerch dat nämmlecht Wuert verschount ginn, gi bis den Dag vum Geriicht an der Zerstéierung vu gottlose Mënsche fir d’Feier reservéiert.
[8] Léif Frënn, vergiesst awer net dat hei: Fir den Här ass een Dag ewéi dausend Joer an dausend Joer sinn ewéi een Dag.
[9] Den Här zéckt net, wat seng Verspriechen ugeet, esou wéi en etlech mengen, datt hien zécke géif. Neen, hien ass gedëlleg mat eis, well hien net wëllt, datt iergendeen zu Grond geet, mee datt jiddereen ëmkéiert.
[10] Den Dag vum Här kënnt ewéi en Déif an der Nuecht. Op deem Dag verschwënnt den Himmel mat groussem Kaméidi. D’Elementer léise sech am Feier op. D’Äerd an alles, wat drop ass, gëtt verbrannt.
[11] Alles gëtt op dës Manéier zerstéiert. Wat fir eng Zort Leit sollt dir dowéinst sinn? Dir sollt der sinn, déi en hellegt a frommt Liewe féieren,
[12] andeems dir d’Komme vum Dag vu Gott erwaart a beschleunegt. Deen Dag ass de Grond, firwat den Himmel verbrannt an zerstéiert gëtt an d’Elementer sech a grousser Hëtzt opléisen.
[13] Opgrond vu sengem Versprieche waarde mir awer op en neien Himmel an eng nei Äerd, an deenen d’Gerechtegkeet wunnt.
[14] Dofir léif Frënn, well dir op dat alles waart, gitt iech drun, fir datt dir onbefleckt an tadellos a sengem Fridde virfonnt gitt.
[15] Betruecht d’Gedold vun eisem Här als Rettung, geneesou wéi eise léiwe Brudder Paul iech dat geschriwwen huet opgrond vun der Wäisheet, déi him gi gouf.
[16] Och an all sengen anere Bréiwer schwätzt hien dovunner. A senge Bréiwer ass munches schwéier ze verstoen. Ongeléiert a labil Leit verdréien dat alles, geneesou wéi si de Rescht vun der Schrëft fir hir eegen Zerstéierung verdréien.
[17] Dofir léif Frënn, dir gouft virgewarnt! Gitt also uecht, fir datt dir net duerch de Feeler vun de Gesetzlosen irgeféiert gitt an esou vun ärer eegener Standhaftegkeet offaalt.
[18] Wuesst an der Gnod an an der Kenntnes vun eisem Retter, dem Jesus Christus. Him sief d’Éier elo wéi och an all Éiwegkeet. Amen.