Skip to content
Opens in a new window

[1] Stitt dofir fest am Här, meng léif Geschwëster. Ech verlaangeren no iech, dir, déi dir meng Freed a meng Kréinung sidd an déi ech gär hunn.

[2] Ech encouragéieren d’Evodia an ech encouragéieren och d’Syntychi, gläichgesënnt am Här ze sinn.

[3] Jo, ech froen och dech, treie Sysygos, dëse Fraen ze hëllefen, déi zesumme mat mir fir d’gutt Noriicht schwéier geschafft hunn. Si hunn och zesumme mam Clement a mam Rescht vu menge Mataarbechter geschafft, deenen hir Nimm am Buch vum Liewe stinn.

[4] Freet iech ëmmer am Här! Ech widderhuele mech: Freet iech!

[5] All Mënsch soll wëssen, wéi guttmiddeg dir sidd. Den Här ass nobäi.

[6] Maacht iech iwwert näischt Suergen, mee bréngt a jidder Situatioun är Uleies duerch Gebiet an Demandë mat Dankbarkeet viru Gott.

[7] De Fridde vu Gott, deen all Verstand iwwertrëfft, behitt dann är Häerzer a Gedanken a Christus Jesus.

[8] Zu gudder Lescht, Geschwëster, denkt iwwert dat no, wat wouer, wat éierbar, wat gerecht, wat reng, wat schéin a wat luewenswäert ass. Wann et iergendeng Dugend, iergende Luef gëtt, dann denkt doriwwer no.

[9] Maacht dat, wat dir vu mir geléiert, empfaangen an héieren hutt an u mir gesinn hutt. Dann ass de Gott vum Fridde mat iech.

[10] Ech freeë mech besonnesch am Här, datt dir elo nees fir mech suerge wëllt. (Ech weess, datt dir nach ëmmer fir mech suerge wollt, mee nach keng Geleeënheet hat, fir et ze maachen.)

[11] Ech soen dat net, well ech iergendeppes bréicht. Ech hunn nämlech geléiert, an egal wéi enger Situatioun zefridden ze sinn.

[12] Ech ka bescheide liewen an ech kann och am Iwwerfloss liewen. An alles an an allem hunn ech geléiert, gesiedegt an hongereg ze sinn, am Iwwerfloss an an der Nout ze liewen.

[13] Ech kann alles duerch Christus maachen, dee mir d’Kraaft dozou gëtt.

[14] Trotzdeem hutt dir et gutt gemaach, fir mir a menger Nout ënnert d’Äerm ze gräifen.

[15] Dir Philipper wësst, datt am Ufank vun der Verkënnegung vun der gudder Noriicht, wéi ech Mazedonien verlooss hat, keng Gemeinschaft, ausser iech, Debit a Credit mat mir gedeelt huet.

[16] Wéi ech zum Beispill zu Thessaloniki war, hutt dir mir net nëmmen eng Kéier, mee zwou Kéieren dat geschéckt, wat ech gebraucht hunn.

[17] Et geet mir net drëm, datt dir mir eppes gitt; mir geet et drëm, datt är gutt Dot räichlech Zënsen dréit.

[18] Ech hunn alles kritt an hu méi wéi genuch. Mir feelt et un näischt, well ech vum Epaphroditos dat, wat dir geschéckt hat, krut. Ären Don ass e Parfum, dee gutt richt, en Affer, dat Gott zefriddestellt an dat hien unhëlt.

[19] Mäi Gott gëtt iech alles, wat dir braucht, opgrond vu sengem herrleche Räichtum a Christus Jesus.

[20] Eisem Gott a Papp sief d’Éier fir ëmmer an éiweg. Amen.

[21] Gréisst jidder Hellegen a Christus Jesus! D’Geschwëster, déi bei mir sinn, gréissen iech.

[22] All déi Helleg, besonnesch déi aus dem Caesar sengem Entourage, gréissen iech.

[23] D’Gnod vum Här Jesus Christus sief mat iech alleguer. Amen.

De Bréif un d’Philipper — Chapters