Skip to content
Opens in a new window

[1] Zu gudder Lescht, léif Geschwëster, freet iech am Här! Et mécht mir keng Méi, fir iech datselwecht nach eng Kéier ze schreiwen, mee et déngt iech zu ärer Sécherheet.

[2] Gitt uecht op d’Hënn; gitt uecht op déi béis Aarbechter; gitt uecht op déi, déi de Läif zerschneiden.

[3] Mir si jo d’Beschneidung, déi Gott duerch de Geescht vu Gott ubiet. Eisen Houfert ass a Christus Jesus a mir vertrauen net op dat Kierperlecht,

[4] obwuel ech selwer op dat Kierperlecht vertraue kéint. Wann een anere mengt, op dat Kierperlecht kënnen ze vertrauen, dann ëmsou méi ech:

[5] Ech gouf den aachten Dag beschnidden; ech sinn aus dem Vollek Israel, vum Stamm Benyamin; ech sinn en Hebräer gebuer vun Hebräer, a wat d’Gesetz ugeet, sinn ech e Pharisäer;

[6] wat den Äifer ugeet, war ech e Verfolleger vun der Gemeinschaft; wat d’Gerechtegkeet vum Gesetz ugeet, sinn ech irreprochabel.

[7] Mee alles, wat ech als Gewënn ugesinn hunn, betruechten ech elo als Verloscht wéinst Christus.

[8] Mee net nëmmen dat: Ech betruechten och alles als Verloscht, wann ech et mam Gewënn, deen net z’iwwertreffen ass, vergläichen, Christus Jesus als mäin Här ze kennen. Wéinst senger hunn ech alles verluer a betruechten et och als Dreck, fir datt ech Christus gewanne kann

[9] an an him fonnt ka ginn. Ech hunn net meng eege Gerechtegkeet, déi dorauser kënnt, d’Gesetz anzehalen, mee meng Gerechtegkeet kënnt duerch d’Trei vu Christus, enger Gerechtegkeet, déi vu Gott kënnt opgrond vum Glawen.

[10] Ech wëll Christus an d’Muecht vu senger Operstéiung kennen. Ech wëll säi Leed deelen, fir datt ech him a sengem Doud gläiche kann

[11] an esou iergendwéi bei der Operstéiung vun den Doudegen dobäi sinn.

[12] Net datt ech schonns esou wäit wier oder schonns vollkomme wier; ech striewen awer duerno, et ze ergräifen, well ech och vu Christus Jesus ergraff gi sinn.

[13] Geschwëster, ech mengen net, datt ech et schonns ergraff hätt. Eppes steet awer fest: Ech vergiessen dat, wat vergaangen ass, a reechen no deem, wat viru mir läit.

[14] Ech striewen nom Zil, de Präis vum himmlesche Ruff vu Gott ze gewannen, deen a Christus Jesus ass.

[15] Dofir sollen all déi, déi räif sinn, esou denken. Wann dir eppes aneschtes denkt, da weist Gott iech dat.

[16] Mir mussen nëmmen un deem festhalen, wat mir schonns erreecht hunn. Mir musse gläichgesënnt sinn.

[17] Geschwëster, imitéiert mech a kuckt op déi, déi nom Beispill liewen, dat mir iech ginn hunn.

[18] Et ginn der nämlech vill, déi als Feinde vum Kräiz vu Christus liewen. Ech hunn iech schonn dacks vun deene verzielt a soen iech et elo nees ënnert Tréinen.

[19] Hiert Enn ass d’Zerstéierung. Hire Gott ass hire Bauch. Hir Éier ass hir Schan. Si si just ierdesch gesënnt.

[20] Mee mir si Bierger vum Himmel, aus deem mir och eise Retter, den Här Jesus Christus, erwaarden.

[21] Hie wäert eis aarmséileg Kierpere verwandelen, fir datt se sengem verherrlechte Kierper gläichen. Dat mécht hien duerch déi Kraaft, mat där hien alles ënnert seng Kontroll brénge kann.

De Bréif un d’Philipper — Chapters