Skip to content
Opens in a new window

[1] Vum Paul, engem Apostel vum Jesus Christus duerch de Wëlle vu Gott, a vum Brudder Timothée,

[2] un déi Helleg, d’trei Geschwëster a Christus, zu Kolossa: Gnod sief mat iech a Fridde vu Gott, eisem Papp, an dem Här Jesus Christus.

[3] Mir soe Gott, dem Papp vun eisem Här Jesus Christus, ëmmer Merci, wa mir fir iech bieden,

[4] zënter mir vun ärem Glawen u Christus Jesus an ärer Léift fir all déi Helleg héieren hunn.

[5] Mir soe Gott och Merci wéinst der Hoffnung, déi am Himmel op iech waart. Dovunner hat dir jo schonn éischter héieren duerch d’Botschaft vun der Wourecht, der gudder Noriicht,

[6] déi bei iech komm ass. Dës gutt Noriicht dréit net nëmmen uechter d’Welt Friichten, mee och ënnert iech dréit si Friichten zënter deem Dag, op deem dir si héieren an d’Gnod vu Gott an der Wourecht erkannt hutt.

[7] Dir hutt d’gutt Noriicht vum Epaphras geléiert, dee mat eis déngt an dee mir gär hunn. Hien ass en treien Dénger vu Christus fir iech.

[8] Den Epaphras huet eis och vun ärer Léift, déi dir duerch de Geescht krut, verzielt.

[9] Dofir hu mir, zënter deem Dag, op deem mir dovunner héieren hunn, net opgehalen, fir iech ze bieden. Mir froe Gott, datt dir mat der Erkenntnes vu sengem Wëllen a mat aller geeschtlecher Wäisheet a Verständnes erfëllt gitt,

[10] fir datt dir op eng Manéier lieft, déi dem Här wierdeg ass, an datt dir him an allem gefaalt. Dat maacht dir, andeems dir a jidder gudder Dot Friichte bréngt an an der Erkenntnes vu Gott wuesst,

[11] gestäerkt mat aller Kraaft, déi senger herrlecher Muecht entsprécht, fir datt dir an allem Gedold an Ausdauer hutt. Sot mat Freed

[12] dem Papp Merci, deen eis capabel gemaach huet, Undeel un den Hellegen hir Ierfschaft, déi am Liicht ass, ze hunn.

[13] Hien huet eis aus der Muecht vun der Däischtert gerett an huet eis an d’Räich vu sengem Jong, deen hie gär huet, versat.

[14] Wéinst senger hu mir Erléisung, d’Verzeiung vun de Sënnen.

[15] Hien ass d’Bild vum onsichtbare Gott a priméiert iwwert der ganzer Schëpfung.

[16] Duerch hie gouf nämlech alles erschafen – alles am Himmel an op der Äerd, dat Sichtbart an dat Onsichtbart, ob Tréin, ob Herrschaften, ob Gewalten oder Muechten – alles gouf duerch hien a fir hien erschafen.

[17] Hien huet virun allem aneren existéiert an duerch hie besteet alles.

[18] Hien ass de Kapp vum Läif, der Gemeinschaft; hien ass den Ufank an den Éischten, dee vun den Doudegen operstanen ass, esou datt hien an allem den Éischten ass.

[19] Gott hat nämlech Gefalen drun, fir mat senger ganzer Natur an him ze wunnen

[20] a fir alles mat sech selwer duerch hien ze versöhnen, sief et dat, wat op der Äerd oder am Himmel ass, andeems hien duerch hie Fridde geschloss huet duerch d’Blutt vu sengem Kräiz.

[21] Fréier waart dir him friem a feindlech gesënnt, wat sech duerch är béis Dote gewisen huet.

[22] Mee elo huet hien iech duerch den Doud vu sengem stierfleche Läif versöhnt, fir iech als helleg, ouni Feeler an ouni Schold a seng Präsenz trieden ze loossen,

[23] wann dir tatsächlech am Glawe fest etabléiert sidd, standhaft bleift an iech net vun där Hoffnung ofbrénge loosst, déi vun der gudder Noriicht kënnt, déi dir héieren hutt. Dës gutt Noriicht ass der ganzer Schëpfung ënnert dem Himmel verkënnegt ginn an ech, de Paul, sinn hiren Dénger ginn.

[24] Ech freeë mech, datt ech fir iech leiden. Ech ergänzen a mengem Kierper nach dat, wat un de Leide vu Christus feelt, fir säi Kierper, deen d’Gemeinschaft ass.

[25] Ech gouf en Dénger vun där Gemeinschaft, laut der Aufgab, déi Gott mir fir iech ginn huet, fir datt d’Wuert vu Gott erfëllt gëtt.

[26] Dat Wuert ass d’Geheimnis, wat zënter Zäitalteren a Generatioune verstoppt war, wat awer elo sengen Hellege geoffenbaart gouf.

[27] Gott wollt hinnen offenbaren, wéi herrlech a räich säi Geheimnis ënnert den Natioune wier: Déi herrlech Hoffnung ass nämlech, datt Christus an iech ass!

[28] Mir verkënnegen hien, andeems mir all Mënsch zurechtweisen an all Mënsch mat aller Wäisheet léieren, fir all Mënsch a Christus Jesus vollkomme viru Gott ze bréngen.

[29] Fir dëst Zil ze erreechen, schaffen ech haart, andeems ech duerch seng Kraaft kämpfen, déi mächteg a mir wierkt.

De Bréif un d’Kolosser — Chapters