[1] Wann dir encouragéiert sidd, well dir Christus gehéiert; wann dir wéinst senger Léift getréischt sidd; wann dir Gemeinschaft duerch de Geescht a Matleed an Erbaarmen hutt,
[2] da vervollstännegt meng Freed, andeems dir gläichgesënnt sidd, déiselwecht Léift hutt, eestëmmeg sidd an d’selwecht denkt.
[3] Maacht näischt aus Rivalitéit oder Éiergäiz. Villméi soll all eenzelen damiddeg sinn, een deen anere fir méi wichteg hale wéi sech selwer
[4] an net nëmmen no sengen eegenen Interessie kucken, mee och no den Interessie vun aneren.
[5] Hutt déiselwecht Astellung, déi och Christus Jesus hat:
[6] Hie war a sengem Wiese Gott, mee hien huet net gemengt, datt hien un dëser Egalitéit mat Gott misst festhalen.
[7] Villméi huet hien alles ofgeluecht, huet d’Konditioun vun engem Dénger ugeholl a koum a mënschlecher Gestalt.
[8] Hie gouf och äusserlech als Mënsch ugesinn. Hien huet sech selwer erniddregt; hien huet Gott bis an den Doud gefollegt, esouguer bis an den Doud um Kräiz.
[9] Dofir huet Gott hien héich erhuewen an huet him en Numm geschenkt, deen iwwert all aneren Numm steet,
[10] fir datt sech virum Numm vum Jesus all Knéi béie muss am Himmel, op der Äerd oder ënnert der Äerd
[11] an all Mond bekenne muss, datt de Jesus Christus Här ass, zur Éier vu Gott, dem Papp.
[12] Meng léif Leit, dir hutt ëmmer gefollegt, net nëmme wéi ech bei iech war, mee nach vill méi elo, wou ech net bei iech sinn. Lieft dofir är Rettung mat Angscht an Zidderen aus!
[13] Et ass jo Gott, deen an iech wierkt, deen iech de Wëllen an d’Wierke gëtt, fir dat ze maachen, wat him gefält.
[14] Maacht alles, ouni iech ze bekloen an ze diskutéieren,
[15] fir datt dir irreprochabel a reng sidd, Kanner vu Gott, déi ouni Feeler sinn, matzen ënnert enger verduerwener a perverser Gesellschaft. Dir sollt ënnert dëse Leit als Liicht an der Welt schéngen.
[16] Haalt um Wuert vum Liewe fest. Esou kann ech mech um Dag vu Christus mengen, well ech net ëmsoss gelaf sinn an och net ëmsoss geschafft hunn.
[17] Och wann ech als Drénkaffer iwwert de Sacrifice an den Déngscht vun ärem Glawen ausgeschott ginn, sinn ech glécklech a freeë mech mat iech alleguer.
[18] Esou sollt och dir glécklech sinn an iech mat mir freeën.
[19] Ech hoffen awer am Här Jesus, den Timothée geschwë bei iech schécken ze kënnen, fir datt ech och encouragéiert ka ginn, wann ech gewuer ginn, wéi et iech geet.
[20] Ech hunn nämlech soss keen, dee gläichgesënnt ass an deen esou éierlech ëm äert Wuel besuergt ass.
[21] All déi aner kucke just no hiren eegen Interessien, net no deene vu Christus Jesus.
[22] Dir wësst awer, datt den Timothée sech bewisen huet: Wéi e Jong mat sengem Papp, esou huet hie mat mir zesummen der gudder Noriicht gedéngt.
[23] Dofir hoffen ech, datt ech hien direkt bei iech schécke kann, soubal ech weess, wéi et ëm meng Situatioun steet.
[24] Ech vertrauen op den Här, datt ech och selwer geschwë bei iech komme kann.
[25] Ech hunn et awer fir néideg gehalen, den Epaphroditos bei iech zeréckzeschécken. Hien ass mäi Brudder, mäi Mataarbechter a mäi Matkämpfer, mee äre Buet, dee mir a menger Nout gehollef huet.
[26] Hien huet nämlech no iech all verlaangert a war bedréckt, well dir héieren hat, datt hie krank wier.
[27] Hie war och wierklech krank a wier bal gestuerwen. Gott hat awer Erbaarme mat him an net nëmme mat him, mee och mat mir, fir datt ech net géif am Leed ënnergoen.
[28] Dofir hunn ech hie méi séier bei iech geschéckt, fir datt dir iech nees freeë kënnt, wann dir hie gesitt. Da sinn ech net méi traureg.
[29] Huelt hien also am Numm vum Här mat ganzer Freed op. Haalt esou Männer wéi hien an Éieren,
[30] well hie wier bal fir d’Wierk vu Christus gestuerwen. Hie war net ëm säi Liewe besuergt, fir mir déi Hëllef ze bréngen, déi dir selwer net leeschte konnt.