[1] Wann dir also mat Christus erwächt gouft, da sicht dat, wat uewen ass, do wou Christus ass an zur Rietser vu Gott sëtzt.
[2] Riicht är Gedanken op dat, wat uewen ass, an net op dat, wat op der Äerd ass,
[3] well dir gestuerwe sidd an äert Liewe mat Christus a Gott verstoppt ass.
[4] Da wa Christus, deen eist Liewen ass, geoffenbaart gëtt, gitt och dir mat him an der Herrlechkeet geoffenbaart.
[5] Bréngt dofir alles ëm, wat un iech ierdesch gesënnt ass: onerlaabte Sex, Onmoraleschkeet, Leidenschaft, béis Begierlechkeeten a Rangstegkeet, déi Gëtzendéngscht ass.
[6] Wéinst all deem kënnt d’Roserei vu Gott iwwert all déi, déi net follegen.
[7] Fréier sidd och dir all deem nogaangen, wéi dir nach dono gelieft hutt.
[8] Mee leet elo dat alles op d’Säit: Roserei, Ierger, Béiswëllegkeet, Lästerungen an obszöönt Geschwätz aus ärem Mond.
[9] Belitt een deen aneren net, well dir jo den ale Mënsch mat sengen Doten ausgedoen
[10] an den neie Mënsch ugedoen hutt. Den neie Mënsch gëtt duerch Erkenntnes erneiert, fir datt hie sengem Schëpfer ëmmer méi gläicht.
[11] Am neie Mënsch ginn et keng Griichen a keng Judden, keng Beschniddener a keng Onbeschniddener, keng Barbaren, keng Onziviliséierter, keng Sklaven, keng fräi Mënschen, mee a jidderengem ass Christus alles.
[12] Dofir, als Auserwielter vu Gott, déi helleg a beléift sinn, ditt en Häerz vun Erbaarmen, Guttheet, Bescheidenheet, Duussheet a Gedold un,
[13] andeems dir een deen aneren erdrot an een deem anere verzeit, wann een engem eppes virzewerfen huet. Geneesou wéi Christus iech verzien huet, esou sollt och dir verzeien.
[14] Bei all deem dobäi ditt och nach d’Léift un, déi alles perfekt zesummebënnt.
[15] De Fridde vu Gott soll an ären Häerzer regéieren, well dir als ee Läif zu dësem Fridde beruff gi sidd. Sidd och dankbar.
[16] D’Wuert vu Christus soll am Iwwerfloss an iech liewen, andeems dir an aller Wäisheet een deen anere léiert an encouragéiert mat Psalmen, Hymnen a Lueflidder. Sangt dem Här wéinst senger Gnod mat ären Häerzer.
[17] Wat och ëmmer dir maacht, sief et duerch Wierder oder Wierker, maacht alles am Numm vum Här Jesus, andeems dir Gott, dem Papp, duerch hie Merci sot.
[18] Fraen, uerdent iech ären eegene Männer ënner, esou wéi et sech am Här passt.
[19] Männer, hutt är Frae gär a sidd net géint si verbattert.
[20] Kanner, follegt an allem ären Elteren, well doriwwer freet sech den Här.
[21] Pappen, kujenéiert är Kanner net, fir datt si net decouragéiert ginn.
[22] Dénger, follegt an allem ären ierdesche Meeschteren. Follegt net, well dir opfalen an iech bei hinne bäischmiere wëllt, mee follegt mat éierlechem Häerz, well dir den Här respektéiert.
[23] Wat och ëmmer dir maacht, maacht et mat ganzem Häerz, esou wéi wann et fir den Här wier an net fir d’Mënschen,
[24] well dir wësst, datt dir eng Ierfschaft vum Här als Belounung kritt. Dir déngt nämlech dem Här Christus.
[25] Wien Onrecht deet, dee kritt dat, wat hien un Onrecht gedoen huet, zeréck. D’Wichtegkeet vun der Persoun zielt net.