[1] Ech wëll nämlech, datt dir wësst, wéi vill ech mech fir iech, fir déi zu Laodizea a fir all déi, déi mech nach net perséinlech gesinn hunn, asetzen.
[2] Ech wëll, datt hir Häerzer encouragéiert ginn an an der Léift zesumme vereent ginn, an datt si de ganze Räichtum vun enger sécherer Asiicht an d’Erkenntnes vum Geheimnis vu Gott hunn, souwuel vum Papp, wéi vu Christus.
[3] An him sinn all d’Schätz vun der Wäisheet an der Erkenntnes verstoppt.
[4] Ech soen iech dat, fir datt dir vu kengem duerch Argumenter irgeféiert gitt, déi sech iwwerzeegend unhéieren, mee falsch sinn.
[5] Och wann ech physesch net bei iech sinn, sinn ech awer am Geescht bei iech. Ech freeë mech, äert geuerdent Liewen an d’Standhaftegkeet vun ärem Glawen u Christus ze gesinn.
[6] Esou wéi dir Christus Jesus, den Här, ugeholl hutt, esou gitt him och no.
[7] Dir gouft an him fest verwuerzelt a gitt op hien, deen äert Fëllement ass, gebaut an am Glawe sécher gemaach, esou wéi der et geléiert gouft. Wéinst dem Glawe soll är Dankbarkeet keng Grenze kennen.
[8] Gitt uecht, datt dir iech vu kengem duerch eidel an täuschent Philosophien afänke loosst. Déi beroue just op mënschlechen Traditiounen an animistesche Muechten an net op Christus.
[9] A Christus wunnt nämlech d’ganz Natur vu Gott a physescher Form.
[10] Duerch hie sidd dir vervollstännegt ginn. Hien ass de Kapp vun all Gewalt an Autoritéit.
[11] Duerch hie gouft dir och beschnidden, net mat enger Beschneidung duerch mënschlech Hand, mee duerch d’Ofleeë vun der sënneger Natur vum Kierper duerch d’Beschneidung vu Christus.
[12] Duerch d’Daf gouft dir zesumme mat him begruewen an duerch si gouft dir och mat him erwächt duerch de Glawen un d’Kraaft vu Gott, deen de Christus vun den Doudegen operstoe gelooss huet.
[13] Dir, déi dir fréier an den Iwwertriedungen an an der Onbeschniddenheet vun ärem Kierper dout waart, gouft mat Christus lieweg gemaach. Gott huet iech all är Iwwertriedunge verzien.
[14] Hien huet de Scholdschäin géint eis geläscht, deem seng Fuerderunge géint eis waren, an huet en aus dem Wee geschaf, andeems hien en un d’Kräiz geneelt huet.
[15] Hien huet de Gewalten an de Muechten d’Waffen aus der Hand geholl a si ëffentlech ugeprangert, andeems hien duerch d’Kräiz iwwert si triumphéiert huet.
[16] Dofir loosst iech vu kengem wéinst Iessen oder Drénken oder wéinst dem Anhale vun engem Fest, dem Neimound oder de Sabbate veruerteelen.
[17] Déi Saache sinn e Schiet vun deem, wat kënnt; mee d’Wierklechkeet ass Christus.
[18] Loosst iech vu kengem, dee sech un askeetesch Übungen an d’Ubiede vun Engelen hält, äre Präis virenthalen. Esou eng Persoun verzielt an engem Stéck vu Visiounen, déi si net hat, an ass wéinst hire sënnege Gedanken iwwerhieflech.
[19] Si hält net um Kapp fest, vun deem de ganze Läif duerch Gelenker a Bänner versuergt an zesummegehale gëtt an deen duerch d’Wierke vu Gott wiisst.
[20] Wann dir elo mam Christus den animistesche Muechte vun der Welt gestuerwe sidd, firwat maacht dir esou, wéi wann dir nach an der Welt géift liewen? Dir lieft no de Virschrëften:
[21] „Du solls dëst oder dat net upaken! Du solls dëst an dat net emol schmaachen! Du solls dëst an dat net emol beréieren!“
[22] (Dat alles gëtt verbraucht an esou zerstéiert.) Et si just mënschlech Virschrëften a Léieren.
[23] Dat alles gesäit no Wäisheet aus, well déi sech selwer eng Relioun mat askeeteschen Übungen a Kasteiunge virschreiwen. Mee dës Relioun ass näischt wäert, well se een net dovunner kann ofhalen, säi Kierper ze befriddegen.