[1] Ech beschwieren dech viru Gott a Christus Jesus, deen déi Lieweg an déi Doudeg riicht, wann hien a sengem Kinnekräich erschéngt:
[2] Priedeg d’Wuert! Sief prett, ob et geleeën oder ongeleeë kënnt! Weis zurecht, verbesser an encouragéier d’Leit, andeems du si mat elauter Gedold léiers!
[3] D’Zäit kënnt nämlech an där d’Leit déi gesond Léier net unhuelen. Mee si sammele sech Léiermeeschteren no hiren eegene Virstellungen un, well et an hiren Ouere kribbelt, fir dat ze héieren, wat si wëllen.
[4] Si dréien hir Ouere vun der Wourecht ewech a gi Seeërcher no.
[5] Du awer sief an allem aniichter, erdro Leed, maach d’Aarbecht vun engem Evangelist, erfëll däin Déngscht!
[6] Ech ginn nämlech schonns als Drénkaffer ausgeschott a meng Zäit ass komm, fir fortzegoen.
[7] Ech hunn de gudde Kampf gekämpft. Ech sinn d’Course bis zum Schluss gelaf. Ech hunn de Glawe bäibehalen.
[8] An elo waart d’Kroun vun der Gerechtegkeet op mech, déi den Här, de gerechte Riichter, mir op deem Dag gëtt, an net nëmme mir eleng, mee och all deenen, déi säin Erschénge gär hunn.
[9] Tommel dech, fir séier bei mech ze kommen.
[10] Den Demas huet mech aus Léift zu dëser Welt verlooss. Hien ass op Thessaloniki gaangen. De Kreskens ass a Galatien an den Titus an Dalmatien gaangen.
[11] Nëmmen de Luc ass nach bei mir. Bréng de Marc mat. Hien ass mir eng Hëllef am Déngscht.
[12] Den Tychikos hunn ech op Ephesos geschéckt.
[13] Bréng de Mantel, deen ech zu Troia beim Karpus leie gelooss hunn, an d’Bicher mat, besonnesch d’Pergamenter, wann s du bei mech kënns.
[14] Den Alexander, de Schmadd, huet mir vill Béises ugedoen. Mee den Här wäert hien, sengen Doten entspriechend, ausbezuelen.
[15] Huel dech virun him an Uecht, well hie sech ëmmer géint eis Botschaft gestallt huet.
[16] Et ass kee fir mech agetruede bei menger éischter Verdeedegung, mee jiddereen huet mech verlooss. Dat soll awer net géint si gehale ginn.
[17] Den Här awer stoung mir bäi an huet mech gestäerkt, fir datt ech d’Botschaft ganz verkënnege kéint an all d’Net-Judde se héiere kéinten. Esou gouf ech aus der Schnëss vum Léiw gerett.
[18] Den Här rett mech viru jidder béiser Dot a bréngt mech a Sécherheet a säin himmlescht Kinnekräich. Him sief d’Éier fir ëmmer an éiweg. Amen.
[19] Gréiss d’Priska an den Aquila an dem Onesiphoros säi Stot.
[20] Den Erastos ass zu Korinth bliwwen an den Trophimosus hunn ech misse krank zu Miletus zeréckloossen.
[21] Tommel dech, fir virum Wanter heihinner ze kommen. Den Eubulus, de Pudens, de Linus, d’Claudia an all d’Geschwëster gréissen dech.
[22] Den Här Jesus Christus sief mat dengem Geescht. Gnod sief mat iech. Amen.