[1] Mäi Jong, sief du dofir staark duerch d’Gnod, déi a Christus Jesus ass.
[2] Vertrau dat, wat s du vu mir viru villen Zeien héieren hues, gleewege Leit un, déi och capabel wäerte sinn, fir anerer ze léieren.
[3] Erdro Leed wéi e gudden Zaldot vum Jesus Christus.
[4] Et gëtt keen Zaldot, deen am Déngscht steet, dee sech an zivil Affären amëscht, well hie jo deem gefale wëllt, deen hie rekrutéiert huet.
[5] Geneesou kann en Athlet de Präis just gewannen, wann hien no de Regele kämpft.
[6] De Bauer, dee schwéier geschafft huet, soll als Éischten eppes vum Ertrag kréien.
[7] Denk iwwert dat no, wat ech dir soen, well den Här erméiglecht dir et, alles ze verstoen.
[8] Denk drun: De Jesus Christus, en Nokomme vum David, gouf vun den Doudegen erwächt laut menger gudder Noriicht.
[9] Wéinst dëser gudder Noriicht leiden ech an dat geet esou wäit, datt ech wéi e Verbriecher an de Prisong gehäit ginn. Mee d’Wuert vu Gott kann net gefesselt ginn.
[10] Dofir erdroen ech alles fir déi Auserwielten, fir datt och si d’Rettung kënne kréien, déi duerch Christus Jesus mat éiweger Herrlechkeet kënnt.
[11] Op dës Ausso ass verlooss: „Wa mir mat him gestuerwe sinn, da liewe mir och mat him;
[12] wa mir Ausdauer hunn, da regéiere mir och mat him; wa mir hie verleegnen, da verleegent hien och eis;
[13] och wa mir ontrei sinn, bleift hien dach trei, well hie sech selwer net verleegne kann.“
[14] Erënner si un dat alles. Warn si virum Här, net iwwert Wierder ze streiden, well dat soss näischt bréngt, wéi d’Nolauschterer an d’Verdierfnes ze féieren.
[15] Strief dono, dech viru Gott ze bewären als Aarbechter, dee sech net brauch ze schummen, deen d’Wuert vun der Wourecht richteg interpretéiert.
[16] Hal dech vu gottlosem an topegem Geschwätz ewech, well dat nach méi an d’Gottlosegkeet féiert.
[17] Hiert Geschwätz breet sech wéi Kriibs aus. Zu deene gehéieren den Hymenaeos an de Philetos,
[18] déi vun der Wourecht ofkomm sinn, andeems si behaapt hunn, datt d’Operstéiung ewell geschitt wier, wat de Glawe vu verschiddene Leit zerstéiert.
[19] Trotzdem bleift dat zolidd Fëllement vu Gott bestoen an dréit dëse Sigel: „Den Här kennt déi, déi him gehéieren“, (Nahum 1,7) an: „Jiddereen, deen den Numm vum Här ernimmt, muss vun der Ongerechtegkeet ewechbleiwen.“
[20] An engem groussen Haus ginn et jo net nëmme Behälteren aus Gold a Sëlwer, mee och aus Holz an Toun. Déi eng ginn éierbar gebraucht, déi aner onéierbar.
[21] Dofir, wann ee sech vum Onéierbare rengegt, da gëtt hien e Behälter, deen helleg gemaach gouf, fir den Haushär nëtzlech ass a fir den éierbare Gebrauch bestëmmt ass, bereet fir all Zort gutt Doten.
[22] Laf virun de jugendleche Begierlechkeete fort a strief no der Gerechtegkeet, dem Glawen, der Léift, dem Fridden, zesumme mat deenen, déi dem Här aus engem rengen Häerz zouruffen.
[23] Hief näischt mat topegen an dommen Diskussiounen ze dinn; du weess jo, datt si zu Sträit féieren.
[24] Dem Här säin Dénger däerf net streiden. Hie muss villméi duuss mat jidderengem sinn. Hie muss amstand sinn, fir d’Leit ze léieren. Hie muss de Leit hiert béist Handelen erdroen.
[25] Hie muss duuss sinn, wann hien d’Géigner verbessert. Villäicht erméiglecht Gott hinnen et, datt si ëmkéieren an esou d’Wourecht erkennen.
[26] Esou kéime si dann zur Besënnung, fir aus der Fal vum Däiwel z’entkommen, nodeems si vun him gefaange goufen, fir säi Wëllen ze maachen.