[1] Vum Paul, engem Dénger vu Gott an Apostel vum Jesus Christus. Ech gouf geschéckt, fir déi Auserwielte vu Gott zum Glawen an zur Erkenntnes vun der Wourecht, déi der Frëmmegkeet entsprécht, ze féieren.
[2] Déi baséiere sech op d’Hoffnung op éiwegt Liewen, dat Gott, deen net léie kann, virum Ufank vun den Zäite versprach huet.
[3] Zur richteger Zäit huet Gott seng Botschaft bekanntgemaach duerch eng Botschaft, déi ech uvertraut krut laut dem Gebot vu Gott, eisem Retter.
[4] Un den Titus, engem treie Kand opgrond vum gemeinsame Glawen: Gnod, Baarmhäerzegkeet a Fridde vu Gott, dem Papp, an dem Här Jesus Christus, eisem Retter.
[5] Ech hat dech zu Kreta gelooss, fir datt s du dat, wat nach ze maachen ass, an d’Rei bréngs an an all Stad Eelsten ernenns, esou wéi ech der befuel hat.
[6] En Eelste muss e gudde Ruff hunn, de Mann vun enger eenzeger Fra sinn, trei Kanner hunn, deenen net ka virgeworf ginn, verkommen oder rebellesch ze sinn.
[7] En Eelste muss nämlech irreprochabel sinn, well hien de Verwalter vu Gott ass. Hien däerf net arrogant sinn an och net séier rose ginn. Hien däerf keen Drénker an och kee Kläpper sinn. Hien däerf och net op onéierleche Verdéngscht aus sinn.
[8] Am Géigendeel, hie muss gaaschtfrëndlech sinn, dat Gutt gär hunn, verstänneg, gerecht an helleg sinn a sech selwer an der Gitt hunn.
[9] Hie muss un der zouverlässeger Botschaft, esou wéi hie si geléiert gouf, festhalen. Esou ass hie capabel, duerch déi gesond Léier aner Leit z’encouragéieren an och déi ferm op d’Plaz ze setzen, déi der Léier widderspriechen.
[10] Et gëtt der nämlech vill, déi rebelléieren, déi topeg schwätzen an déi aner Leit irféieren, zemools ënnert deene vun der Beschneidung.
[11] Déi mussen de Mond gestoppt kréien, well si ganz Stéit op d’Kopp geheien, andeems si d’Leit dat léieren, wat si net sollen, an dat fir en onéierleche Gewënn.
[12] Ee vun hiren eegene Prophéite sot: „Kreter sinn ëmmer Ligener, béis Kreaturen, liddereg Fréisser.“
[13] Dës Ausso ass wouer. Setz si dofir ferm op d’Plaz, fir datt hire Glawe gesond ka ginn.
[14] Si solle sech net op jüddesch Seeërcher a Virschrëfte vu Leit aloossen, déi d’Wourecht verwerfen.
[15] Fir déi Reng ass alles reng, mee fir déi Onreng an Ongleeweg ass näischt reng. Souguer hire Verstand an hiert Gewësse sinn onreng.
[16] Si behaapten, Gott ze kennen, mee duerch hir Dote verleegne si hien. Si sinn abscheilech, follegen net a si fir kee gutt Wierk ze gebrauchen.