Skip to content
Opens in a new window

[1] Dat hei solls du awer wëssen: An de leschten Deeg brieche schwéier Zäiten un.

[2] D’Mënsche sinn dann egoistesch, op d’Suen aus, bretzeg, iwwerhieflech, si lästeren, follegen den Elteren net, sinn ondankbar, gottlos,

[3] ouni Léift, si wëlle sech net vereenegen, si si Beschësser, ouni Selbstbeherrschung, grausam, géint dat Gutt,

[4] Verréider, kéng an opgeblosen. Si hunn de Pleséier gär amplaz vu Gott.

[5] Dobäi droe si de Schäin vun der Frëmmegkeet, d’Kraaft dovunner verleegne si awer. Hal dech vun esou Leit ewech!

[6] Zu deene gehéieren och déi, déi sech an d’Stéit eraschläichen a liichtgleeweg Fraen afänken. Déi Frae gi vun der Laascht vun hire Sënnen erdréckt a vun allerlee Passioune geleet.

[7] Esou Frae léieren an engem Stéck a si kënnen ni zur Erkenntnes vun der Wourecht kommen.

[8] Geneesou wéi de Yannis an de Yambris sech dem Moses widdersat hunn, esou widdersetze sech dës Leit der Wourecht. Dëse Leit hiert Denken ass verduerwen a wat de Glawen ugeet, besti si d’Prouf net.

[9] Mee si kommen net wäit, well hir Topegkeet jidderengem an d’Ae spréngt, esou wéi et och bei dësen zwee de Fall war.

[10] Du awer kenns meng Léier, mäi Liewensstil, mäin Zil, mäi Glawen, meng Gedold, meng Léift, meng Ausdauer

[11] an och d’Verfolgungen an d’Leed, déi ech zu Antiochia, zu Ikonion an zu Lystra erlieft hunn. Wat hunn ech Verfolgungen erdroen! An dach huet den Här mech aus hinnen all gerett.

[12] Geneesou gëtt jiddereen, deen duerch Christus Jesus e frommt Liewe féiere wëllt, verfollegt.

[13] Béis Mënschen a Schwindler ginn nämlech nach ëmmer méi béis. Si féieren anerer ir a ginn och selwer irgeféiert.

[14] Mee du, hal du dech un all dat, wat s du geléiert hues, a vun deem s du iwwerzeegt goufs. Du weess jo, wien dech geléiert huet.

[15] Zënter denger Kandheet kenns du d’helleg Schrëften, déi dir d’Wäisheet kënne ginn, déi zur Rettung féiert duerch de Glawen u Christus Jesus.

[16] All Schrëft ass vu Gott inspiréiert an ass nëtzlech, fir ze beléieren, fir z’iwwerzeegen, fir ze verbesseren a fir an der Gerechtegkeet z’erzéien,

[17] esou datt de Mënsch vu Gott geléiert a fir all gutt Dot equipéiert ass.

Den zweete Bréif un den Timothée — Chapters