Skip to content
Opens in a new window

[1] Erënner si drun, fir sech den Herrscher an den Autoritéiten ënnerzeuerdnen, ze follegen, fir all gutt Dot bereet ze sinn,

[2] keen a Verruff ze bréngen, net streidereg, mee guttmiddeg ze sinn, an zu jidder Mënsch ëmmer héiflech ze sinn;

[3] well och mir ware fréier onverstänneg, hunn net gefollegt a goufen irgeféiert. Mir hu verschiddene Passiounen an dem Pleséier gedéngt. Mir hunn eist Liewen am Béisen an am Näid verbruecht. Mir goufe gehaasst a mir hunn een deen anere gehaasst.

[4] Mee wéi d’Guttheet an d’Léift vu Gott, eisem Retter, fir d’Mënschheet erschéngen ass,

[5] huet hien eis gerett – net wéinst gerechten Doten, déi mir gemaach hunn, mee opgrond vu senger Baarmhäerzegkeet, duerch d’Bad vun der neier Gebuert an d’Erneierung, déi duerch den hellege Geescht kënnt.

[6] Deen huet hie räichlech iwwert eis ausgeschott duerch de Jesus Christus, eise Retter,

[7] fir datt mir, nodeems mir duerch seng Gnod gerecht gemaach goufen, Ierwe kéinte ginn, laut der Hoffnung op éiwegt Liewen.

[8] Op dës Ausso ass verlooss. Ech wëll, datt s du op dat alles häls, fir datt déi, déi op Gott vertraut hunn, dorop beduecht sinn, fir gutt Doten ze maachen. Dat ass éierbar an déngt der Mënschheet.

[9] Vermeit awer topeg Kontroversen, Stammbeem, Ausernanersetzungen a Streidereien iwwert d’Gesetz, well si onnëtz a sënnlos sinn.

[10] Warn eng Persoun, déi Trennunge provozéiert, eng Kéier, dann eng zweete Kéier an duerno hief näischt méi mat hir ze dinn.

[11] Du weess jo, datt esou eng Persoun verduerwen ass. Si sënnegt a veruerteelt sech selwer.

[12] Wann ech den Artemas an den Tychikos bei dech schécken, dann tommel dech, fir bei mech op Nikopolis ze kommen. Ech hu mech nämlech entscheet, fir de Wanter do ze verbréngen.

[13] Schéck de Sinas, deen Expert am Gesetz ass, an den Apollos séier op de Wee. Suerg dofir, datt et hinnen un näischt feelt.

[14] Eis Leit solle léieren, sech do fir gutt Doten anzesetzen, wou Leit wierklech an der Nout sinn, fir datt si net onproduktiv sinn.

[15] Jiddereen, dee bei mir ass, gréisst dech. Gréiss eis Frënn am Glawen. Gnod sief mat iech alleguer. Amen.

De Bréif un den Titus — Chapters