Skip to content
Opens in a new window

[1] Mee verkënneg du dat, wat der gesonder Léier entsprécht.

[2] Eeler Männer sollen aniichter, éierbar a verstänneg sinn. Si sollen och e gesonde Glawen an eng gesond Léift an Ausdauer hunn.

[3] Geneesou sollen eeler Frae sech éierbar behuelen. Si däerfen net schlecht iwwert aner Leit schwätzen, dem Wäin net verfall sinn a mussen dat enseignéieren, wat gutt ass.

[4] Esou kënne si déi jonk Frae léieren, fir hir Männer an hir Kanner gär ze hunn,

[5] verstänneg a reng ze sinn, de Stot gutt ze féieren, sech hire Männer ënnerzeuerdnen, fir datt d’Botschaft vu Gott net a Verruff kënnt.

[6] Lee geneesou deene jonke Männer un d’Häerz, verstänneg ze sinn.

[7] An allem solls du dech als Virbild vu gudden Doten erweisen. Wann s du d’Leit léiers, solls du Integritéit, Anstand, Onbestiechlechkeet

[8] an eng gesond Botschaft, déi irreprochabel ass, ënner Beweis stellen. Esou gëtt de Géigner blaméiert, well hien näischt Schlechtes iwwert eis soe kann.

[9] Encouragéier d’Dénger, fir hire Meeschteren ze follegen an an allem zefriddestellend ze schaffen, ouni ze widderspriechen.

[10] Si däerfen näischt ënnerschloen. Am Géigendeel, si solle beweisen, datt si an allem vertrauenswierdeg an trei sinn, fir datt si an allem d’Léier iwwert Gott, eise Retter, an Éieren halen.

[11] D’Gnod vu Gott, déi Rettung bréngt, ass nämlech alle Mënschen erschéngen.

[12] Si léiert eis, op Gottlosegkeet a weltlech Begierlechkeeten ze verzichten a sober, gerecht a fromm an dësem Zäitalter ze liewen,

[13] andeems mir déi geseenten Hoffnung erwaarden, d’herrlecht Erschénge vun eisem grousse Gott a Retter, Jesus Christus.

[14] Hien huet sech wéinst eiser hierginn, fir eis vun all Gesetzlosegkeet ze erléisen a fir e Vollek ze rengegen, dat hie fir sech selwer auserwielt huet, an dat äifreg ass, gutt Doten ze maachen.

[15] Verkënneg dat alles. Encouragéier a weis zurecht mat voller Autoritéit. Et soll keen op dech erofkucken.

De Bréif un den Titus — Chapters