Skip to content
Opens in a new window

[1] Vum Paul, engem Prisonéier vu Christus Jesus, a vum Brudder Timothée un eise léiwe Mataarbechter Philemon,

[2] un eist léift Apfia, un den Archippos, deen en Zaldot mat eis ass, an un d’Gemeinschaft, déi sech bei dir doheem trëfft:

[3] Gnod sief mat iech a Fridde vu Gott, eisem Papp, an dem Här Jesus Christus.

[4] Ech soe mengem Gott allzäit Merci, wann ech mech a menge Gebieder un dech erënneren,

[5] well ech vun denger Léift a vun dengem Glawen héieren hunn, déi s du fir den Här Jesus a fir all déi Helleg hues.

[6] Ech bieden, datt de Glawen, deen s du deels, effikass ass, fir datt s du alles Guddes erkenns, wat an eis ass duerch Christus Jesus.

[7] Brudder, du hues eis vill Freed an Trouscht duerch deng Léift bruecht, well d’Häerzer vun den Hellegen duerch dech erfrëscht goufen.

[8] Dofir kéint ech dir, ouni ze zécken, a Christus befeelen, deng Flicht ze maachen,

[9] mee ech bieden dech léiwer an aller Léift, well ech deen heite sinn: de Paul, en ale Mann an elo och e Prisonéier vum Jesus Christus.

[10] Ech bieden dech wéinst mengem Jong Onesimos, deem säi Papp ech während menger Haft gi sinn.

[11] Virdru war hien dir onnëtz, mee elo ass hien dir a mir nëtzlech.

[12] Ech schécken hie bei dech zeréck. Huel hien op wéi mäin eegent Häerz.

[13] Ech wollt hien hei bei mir halen, fir datt hie mir während menger Haft wéinst der gudder Noriicht an denger Plaz dénge kéint.

[14] Mee ech wollt näischt ouni däin Accord maachen, fir datt deng gutt Dot net erzwongen, mee aus fräie Stécker geschitt.

[15] Villäicht war et jo dowéinst, datt den Onesimos eng Zäitche vun dir getrennt gouf, fir datt s du hie fir éiweg erëmkréichs.

[16] Hie kënnt elo net méi als Sklav zeréck, mee als méi wéi e Sklav, nämlech als e Brudder, deen ee gär huet. Dat ass hie besonnesch fir mech, ma wéi vill méi da fir dech, souwuel als Mënsch wéi och am Här!

[17] Wann s du mech als Partner betruechts, dann huel hien op, wéi wann ech et wier.

[18] Wann hien dir Onrecht gedoen huet oder dir iergendeppes schëlleg ass, da setz dat op meng Rechnung!

[19] Ech, de Paul, schreiwen dat hei mat menger eegener Hand: ECH BEZUELEN ET ZERÉCK. (Natierlech ernimmen ech net, datt s du mir eppes schëlleg bass, nämlech dech selwer.)

[20] Jo Brudder, wéinst dem Här wëll ech vun dir profitéieren! Erfrësch mäin Häerz am Här!

[21] Ech schreiwen dir, well ech mir sécher sinn, datt s du follegs an datt s du och méi méchs, wéi ech dech froen.

[22] Nach eppes: Maach och d’Friemekummer fir mech an d’Rei. Ech hoffen nämlech, datt ech duerch är Gebieder iech zeréckgeschenkt ginn.

[23] Et gréissen dech den Epaphras, mäi Matprisonéier wéinst Christus Jesus,

[24] de Marc, den Aristarkos, den Demas an de Luc, meng Mataarbechter.

[25] D’Gnod vun eisem Här Jesus Christus sief mat ärem Geescht! Amen.